arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Gespréicher ronderëm den Tornado
Mat Leit, déi gelidden oder gehollef hunn.

Taina Bofferding a Pierre Mellina
D'Inneministesch an de Péitenger Buergermeeschter erklären, wéi Leit, déi duerch den Tornado geschiedegt goufen an nächster Zäit gehollef kréien.
Winfried Heidrich
E Grupp vu Bierger fuerdert, datt si méi an den Opbau vum neie Wunnquartier op der Areler Strooss agebonne ginn. Mir schwätzen mat engem vun de Grënner vun der Initiativ.
Marie-Christine Ries
Mir froen déi bëschooflech Delegéiert, op si dru gleeft, datt Fraen deemnächst méi eng grouss Roll an der kathoulescher Kierch kennen iwwerhuelen.
Peter Hengel
Geet dat 110-Joer aalt Konzept vun de Jugendherbergen och haut nach duer fir Gäscht unzelackelen? Mir froen den neien Direkter vum Verband.
Paul Philipp
Vill Lëtzebuerger Nationalspiller spille mëttlerweil am Ausland. Mir froen de President vun der Fussball-Federatioun, wat dat fir dat nationaalt Championnat bedeit.
François Koepp
Mam Generalsekretär vun der Horesca schwätze mer iwwert d'Konkurrenz vun AirBnB fir d'Hoteller, de Manktem u Personal an aner Erausfuerderunge fir de Secteur.
Guill Kaempff
Chantieren, deier Loyeren, an Online-Konkurrenz - mussen d'Stater Geschäftsleit ëm hir Existenz fäerten? Dat froe mir de President vum Stater Geschäftsverband.
Lydie Lorang
No iwwer fënnef Joer Paus kéint de Bommeleeër-Prozess nei opgerullt ginn. Ass elo Opklärung a Siicht ass? Dat froe mir d'Affekotin vun engem Beschëllegten.
Leo Wagener
Den Äerzbëschof kritt deemnächst Ënnerstëtzung vun engem Weibëschof an engem zousätzleche Generalvikar. Mir froen den zukünftege Weibëschof, firwat dat néideg ass.
Georges Bach
No zéng Joer am Europäesche Parlament huet den CSV-Europadeputéierten a Gewerkschaftler e Schlussstrëch ënner seng politesch Carrière gezunn.
René Pizzaferri
Mam President vun der Patiente Vertriedung schwätze mir iwwer aktuell Sujeten an der Gesondheetspolitik.
René Winkin
Mir froen den Direkter vun der Industrielle-Federatioun FEDIL, wisou ëmmer erëm Industrie-Projete wéinst hirem Impakt op d'Ëmwelt a Fro gestallt ginn.
Joel Delvaux
Mam Stater Gemenge-Conseiller vun déi Lénk schwätze mir iwwer den ëffentlechen Transport fir Leit mat Handicap.
Myriam Welschbillig
Mat der Presidentin vum Conseil fir d'Lëtzebuerger Sprooch geet rieds doriwwer, wéi d'Lëtzebuerger Sprooch an der neier Verfassung festgehale soll ginn.
Marc Fisch
Wéi ginn d'Baueren mat der momentaner Dréchent ëm a wéi wëlle si sech laangfristeg opstellen? Doriwwer geet rieds mam President vun der Bauerenzentral.
Hoai Thu Nguyen Doan
Funktionéiert Kreeslafwirtschaft zu Lëtzebuerg? Wat muss verbessert ginn? Doriwwer geet rieds mat der Ekonomistin vun der Handelskammer.
Claude Marx
Mir schwätze mam Generaldirekter vun der Iwwerwaachungskommissioun vum Finanzsecteur CSSF iwwer d'Entwécklungen op der Finanzplaz Lëtzebuerg.
