arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Philippe Sylvestre
De President vum Jeune Barreau iwwer d'Suerge vu jonken Affekoten an d'Adaptatioun vun den Tariffer fir d'assistance judiciaire.
Luc Holtz
Champions League, BGL Ligue, Nations League: dat sinn d'Stéchwierder am Gespréich mam Fussball-Nationaltrainer.
Charles Schroeder
De President vun der Luxembourg Events Association iwwer d'Problemer vun engem Secteur, dee besonnesch haart vun der Covid-Kris getraff gouf an nach ëmmer gëtt.
Jeannot Berg
Den Administrateur délégué vun der Fondatioun Kräizbierg iwwer d'Erausfuerderungen, déi d'Covid-Kris un d'Acteuren am Behënnerte-Beräich gestallt huet.
Roby Ley
Den Direkter vum Wäibau-Institut iwwer den Impakt vun den ëmmer méi waarmen an dréchene Summeren op d'Miseler Wéngerten.
Alain de Muyser
Wéi eng Zukunft fir de Benelux? E Gespréich mam Generalsekretär vun der Dräi-Länner-Unioun.
Richard Graf
E kritesche Bléck op de Projet vum neie Pressehëllef-Gesetz, mam woxx-Journalist a Member vum Presserot.
Jean-Paul Schaaf
E Gespréich mam Ettelbrécker Buergermeeschter, deen am Oktober als CSV-Norddeputéierte fir de Marco Schank an d'Chamber noréckelt.
Josée Lorsché
Déi gréng Fraktiounscheffin iwwer déi neist Entwécklunge vun der Covid-Kris an déi fir hir Partei ongewinnt schwiereg Zäiten.
Andrew Ferrone
De Chef vum landwirtschaftleche Wiederdéngscht iwwer den Impakt vun Hëtzt an Dréchent op Landwirtschaft a Wäibau.
Monique Goldschmit
D'Presidentin vun der Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ iwwer déi Covid-bedéngt Vëlos-Euphorie, an dat wat muss geschéien, fir se oprecht ze erhalen.

Pierre Mellina
Ee Joer nom Tornado: de Péitenger Buergermeeschter erënnert sech un den 9. August 2019.
Claude Strasser
De Generaldirekter vun der Post iwwer 5G-Frequenzen a -Geforen, den Ausbau vum Glasfasernetz an d'Roll vu senger Entreprise während der Covid-Kris.
Monika Bachmann
Déi saarlännesch Gesondheetsministerin iwwer d'Konditiounen ënner deenen ee vu Lëtzebuerg an d'Saarland areese kann, an iwwer d'Gestioun vun der Kris an hirem Bundesland.
Heinrich Kreft
Kuerz viru sengem Depart vu Lëtzebuerg, no véier Joer: e Gespréich mam däitschen Ambassadeur.

Claudia Monti
E Gespréich mat der Mediatrice iwwer zousätzlech Kompetenzen, déi si fir d'Institutioun Ombudsman revendiquéiert.
Dr. Carine Federspiel
D'Generaldirektesch vu ZithaSenior a Vize-Presidentin vun der COPAS iwwer d'Erfarunge mat der éischter, d'Gestioun vun der zweeter an d'Virbereedung op eng drëtt Covid-Well.

Simone Asselborn-Bintz
Mir froen déi nei Buergermeeschtesch vu Suessem, wéi eng Mesuren hir Gemeng hëlt fir de Coronavirus anzedämmen.
