
arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden

Jean-Louis Zeien a Jean-Paul Olinger
De President vu Fairtrade Lëtzebuerg an den Direkter vun der Unioun vun den Entreprisen (UEL) diskutéieren, ob e Liwwerkettegesetz gebraucht gëtt.
Olivier Toth
Mir froen den Direkter vun der Rockhal wéini hien nees mat engem volle Sall rechent.
Jean Asselborn
Mir froen den Ausseminister ë.a. op der EU hir Sanktioune géint Belarus streng genuch sinn.
Yves Wengler
Mir froen den Iechternacher CSV-Buergermeeschter firwat seng Euphorie iwwer eng kleng archeologesch Sensatioun sech a Grenzen hält.
Pitt Bach
Mir froen den zoustännegen OGBL-Zentralsekretär, wéi d'Ausbildung fir d'Gesondheetsberuffer misst opgestallt ginn.
Gilles Feith
Mir froen den Direkter vun der Luxair, wéi d'Lëtzebuerger Airline sech op de Coronasummer 2021 astellt.
Karine Reuter
D'Presidentin vum RFCUL a vun der Lëtzebuerger Football Ligue (LFL) mat engem Ausbléck op déi spannend Championnatsfinall - an doriwwer eraus.
Pierre Stockreiser
Halbzeit am Premières-Examen: en Tëschebilan mam Direkter vum Lycée du Nord a Vize-President vum Collège vun de Lycées-Direkteren.

Roy Reding
Den ADR-Deputéierten a President vun der parlamentarescher Reglementskommissioun iwwer d'Oneenegkeet ronderëm dee geplangten Transparenzregëster.
Malik Zeniti
Den Direkter vum Cluster for Logistics iwwer d'Pandemie, CO2-Reduktiounsziler an aner Erausfuerderunge fir de Logistik-Secteur.

Gilles Hempel
D'Logementspräisser klammen - trotz Kris - weider. Bleiwen do iwwerhaapt nach Wunnengen fir déi mat de klengste Revenuen? Dat froe mer den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale (AIS).

Christian Oberlé
Huet d'Gesondheetskeess genuch finanziell Reserven fir trotz Pandemie an Zukunft nach méi Servicer ze rembourséieren? Dat froen mir de President vun der CNS.

Nathalie Oberweis a Myriam Cecchetti
Mir froen déi zwou nei Deputéiert vun Déi Lénk wéi eng Schwéierpunkten si an der Chamber wëlle sëtzen.
Marc Parries
Mécht d'Regierung genuch fir eis Bëscher ze schützen? Dat froe mir de Vertrieder vun der ONG FSC, déi sech fir en nohaltege Besch asetzt.
