Radioen

On air

Notturno  |  Liam De Bruin - Lavender

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Véronique Biver

Mat der Archeologin vum Centre National de Recherche Archéologique (CNRA) geet et ëm d'Erausfuerderunge fir d'Archeologie zu Lëtzebuerg.

Jonathan Ponchon

D'Beweegung "Pulse of Europe" geet trotz de Krise fir d'EU op d'Strooss. Wat dat bréngt dat, seet den Initiator vun der Beweegung zu Lëtzebuerg?

Cathy Mangen

Um éischten internationalen Dag vun der Heelpädagogik geet et mat der Member vun der "ALPC" ëm d'Inclusioun vu Mënsche mat enger Behënnerung.

Pierre Reyland

Silvia Perez Vitoria

D'Industrialisatioun an d'Agroekologie stinn am Widdersproch, dat fënnt déi franséisch Soziologin an Agroekologistin. Wéi eng Auswierkungen huet dëse Prozess?

Christine Muller

D'Urbanistin an Architektin beliicht d'Logementsproblematik, de Wuesstem, an d'Neifaassung vum "Programme directeur d'aménagement du territoire"

Carlo Thill

D’Banke beschwéieren sech iwwer niddreg Zënsen an deier Reguléierungen. Firwat huet d'BGL BNP Paribas trotzdem iwwer 400 Milliounen Euro Gewënn gemaach?

Thérèse Michaelis

Déi fréier Qualitéitsbeoptraagte vun der "Entente des Gestionnaires" vun de Jugendhaiser presentéiert den neie Vademecum.

Robert Urbé

Den Ekonomist a Spriecher vun der Caritas presentéiert de Sozialalmanach 2017. Schwéierpunktthema ass de Wuesstem.

Marc Hansen

Déi aktuell intern Tensioune bei der Uni Lëtzebuerg an dat neit Unisgesetz si Sujet mam Héichschoulminister.

Frank Wolter

Den Direkter vun der Natur- a Bëschverwaltung schwätzt iwwert den Zoustand an d'Gestioun vum Lëtzebuerger Bësch.

Volker Strauss

Mam Titularpaschtouer vun der Protestantescher Kierch geet et ëm de Konflikt bannent der Communautéit.

Thierry Nothum

Mam Direkter vun der Handelskonfederatioun geet et ëm d'Erausfuerderungen am Lëtzebuerger Commerce.
Marc Crochet

Marc Crochet

De Vize-Generaldirekter vum Lëtzebuerger Roude Kräiz beliicht déi humanitär Besoinen an de Kriseregioune vun Ostafrika an dem Jemen.

Annemarie Jung

Déi nei Generalsekretärin vun der Banken- an Banquiersassociatioun schwätzt iwwert d'Transparenz an d'Zukunft vun der Lëtzebuerger Finanzplaz.

Claudia Monti

Déi a Kanner- a Familljerecht spezialiséiert Juristin gouf vun der Chamber zum Ombudsman gewielt. Déi nei Mediatrice ass DP-Parteimember.

Danièle Weber

D'Journalistin an 100,7 Mataarbechterin fënnt, datt 60 Joer nom Ënnerschreiwe vun de Réimesche Verträg d'Ambiance an der EU net déi Bescht wier.

Max Hahn (DP) a Marc Lies (CSV)

Ëmmer méi Leit hu Problemer eng Wunneng ze fannen, déi se sech leeschte kennen. Kann d'Reform vum Fonds du Logement eppes dorun änneren?

Michel Weimerskirch a Peter Gilles

De Grënner vum Projet "Spellchecker" a de Spezialist vun der Lëtzebuerger Sprooch bei der Uni Lëtzebuerg iwwert d'Promotioun vun der Lëtzebuerger Sprooch.

Felix Braz

Stäerkung vun der Justiz an der Verfassung an d'Schafung vun engem ieweschte Justizrot: de Justizminister erkläert seng Reformproposen.