Radioen

On air

Notturno  |  Reis Demuth Wiltgen - Where The Heart Beats

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Paul Hammelmann

Wéi kënnen eis Stroosse méi sécher gemaach ginn? Doriwwer gëtt zanter engem déidlechen Accident am Neiduerf nees vill diskutéiert. Mir froen de President vun der Sécurité Routière.
headphones

14 min

play_arrow

Philippe Turk

D'Corona-Pandemie ass esou wäit iwwerstanen. Sinn d'Spideeler prett an Zukunft eng Populatioun ze versuergen, déi wiisst? Fro un de President vun der Spidolsfederatioun.
headphones

15 min

play_arrow

Marion Zovilé-Braquet

Firwat engagéieren net méi Fraen sech an der Politik? Dat froe mir haut um Weltfraendag d'CSV-Buergermeeschtesch vu Conter, déi zanter bal 20 Joer politesch aktiv ass.
headphones

16 min

play_arrow

Sven Clement

Als Oppositiounspartei souzen d'Pirate bei der Tripartite net mat um Dësch. Hätte si eppes anescht gemaach wéi d'Regierung?
headphones

14 min

play_arrow

Yuriko Backes

D'Stéiermesuren, déi Tripartite e Freideg decidéiert huet, solle ronn 500 Milliounen d'Joer kaschten. Kann de Staat sech dat a onsécheren Zäite wierklech leeschten? Mir froen d'Finanzministe
headphones

19 min

play_arrow

Claude Wiseler

E Gespréich mam Co-President vun der CSV iwwer d'Enjeue vun der Tripartite a seng Decisioun, net mat an d'Gemengewalen ze goen.
headphones

14 min

play_arrow

Roland Bastian

De Generaldirekter vun ArcelorMittal Lëtzebuerg iwwer den Impakt vun den héijen Energiekäschten op d'Stolproduktioun an iwwer d'Erausfuerderung Klimaneutralitéit.
headphones

16 min

play_arrow

Josiane Weber

Et si Bréiwer vun der Groussherzogin Marie-Adelheid opgetaucht, déi d'Bild vun der politescher Monarchin confirméieren. Hir Biographin huet se ausgewäert.
headphones

17 min

play_arrow

Romain Schmit

Virun der Bipartite vun haut an der Tripartite vun e Freideg: Froen un de Generalsekretär vun der Handwierker-Federatioun
headphones

16 min

play_arrow

Semiray Ahmedova

Retour op d'Logements-Assisen an déi nei Virschléi, déi de Wunnengsbauminister do virgestallt huet. Mat der grénger Presidentin vun der zoustänneger Chamberkommissioun.
headphones

15 min

play_arrow
Daniel Porcedda

Daniel Porcedda

De Lëtzebuerger huet mat senger Famill zu Kiew gelieft, wéi de Krich virun engem Joer ugefaangen huet. Wat hu si zanterhier erlieft?
headphones

14 min

play_arrow
Francine Closener

Francine Closener

Jiddweree schwätzt vun de Walen, mee wéi eng Steiermesurë wëllt d'LSAP nach do virdrun duerchsetzen? Mir froen d'Parteipresidentin.
headphones

14 min

play_arrow
Gilles Hempel

Gilles Hempel

D'Acteure vum Logementsmarché sichen haut zesumme mam Minister no neie Léisungen. Wat ass sech dovun ze erwaarden? Fro un den Direkter vun der Agence Immobilière Sociale
headphones

15 min

play_arrow

Michael Feit

De Chef vun der internationaler Kooperatioun bei der Caritas ass eis vu Kiew zougeschalt: Wéi kann een den Ukrainer ee Joer nom Ufank vum Krich am Beschten hëllefen?
headphones

15 min

play_arrow

Ulf Nehrbass

Lëtzebuerg hat 2020-21 déi niddregst Iwwerstierflechkeet an der EU. Gouf an der Corona-Kris also alles richteg gemaach? Mir froen den Direkter vum Luxembourg Institute of Health.
headphones

14 min

play_arrow

Stefan Braum

De Professer fir Droit vun der Uni Lëtzebuerg mat Conclusioune vun engem Fuerschungsprojet iwwer den Ëmgang mat rechtsstaatleche Prinzippie wärend der Pandemie.
headphones

15 min

play_arrow
Carole Reckinger

Carole Reckinger

Déi politesch Spriecherin vun der Caritas iwwer d'Revendicatiounen, mat deenen d'ONG déi politesch Parteien am Virfeld vun de Gemengewale konfrontéiert.
headphones

15 min

play_arrow
Fernand Ernster

Fernand Ernster

Wéinst dem Luc Frieden sengem politesche Comeback ass de Geschäftsmann plëtzlech an onerwaart un d'Spëtzt vun der Chambre de Commerce katapultéiert ginn. Wat si seng Pläng?
headphones

15 min

play_arrow
Pierre Reding

Pierre Reding

Deen neie Commissaire fir d'Lëtzebuerger Sprooch schwätzt iwwer d'Ëmsetzung vum Aktiounsplang, dee säi Virgänger him hannerlooss huet.
headphones

17 min

play_arrow

Aline Rosenbaum

Froen un déi nei Directrice vun der ULC, dem Lëtzebuerger Konsumenteschutz
headphones

14 min

play_arrow