arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Maurice Bauer
An der Stad lieft méi wéi ee Fënneftel vun den Awunner, déi schaffe ginn, ënner der Aarmutsgrenz. Mir froen de Stater Sozialschäffen, wat hien dogéint wëllt ënnerhuelen.
Cédric Reichel
Wéivill misst Lëtzebuerg bezuelen, fir säin Undeel un de globale Klimaverloschter a -schied ("loss and damages") ze kompenséieren? D'ASTM huet de Montant ausgerechent.
Pascal Ricquier
De President vun der Policegewerkschaft SNPGL iwwer seng politesch (Net-)Ambitiounen, en Avertissement vum Parquet an d'Sécherheets-Situatioun a Stad a Land
Anne Brasseur
Déi fréier DP-Politikerin iwwer déi ëmstridde Fussball-WM am Katar a populistesch Tendenzen an der Politik.
Sam Tanson
D'Justizministesch reagéiert op de kriteschen Avis vun der Justiz zu de Reformprojete vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht.
Laurent Mosar
Den CSV-Deputéierte kritiséiert d'Regierung, well si näischt ënnerhëlt fir d'Ausliwwerung vum Fränk Schneider un d'USA ze verhënneren.
Tilly Metz
D'Europäesch Unioun gesäit sech als Virreider am Kampf géint de Klimawandel. Mee ass dat och esou? Mir froen d'Europa-Deputéiert vun déi gréng.
Andrew Ferrone
De Chefmeteorolog vum Landwirtschaftsministère vertrëtt Lëtzebuerg op der internationaler Klimakonferenz an Ägypten. Wat genee ass seng Roll do?
Claude Strasser
Mir froen den Direkter vun der Post, ob d'Zäiten, an deene säi Betrib nach Staatsbeamten agestallt huet, definitiv eriwwer sinn.
Christian Weis
Zu Esch ass de Chômage däitlech méi héich wéi op anere Plazen am Land. Mir froen de Sozialschäffe vun der Südgemeng, wat een dogéint ka maachen.
Fabricio Costa
déi jonk gréng fuerderen, datt d'Regierung an der Logementspolitik méi wäit geet. Huet hir Mammepartei hei versot? Mir froen de Spriecher vun de jonke Gréngen.
Simone Flammang
D'Justiz huet grouss Problemer mat der geplangter Reform vu Jugendschutz a Jugendstrofrecht. D'Vertriederin vum Parquet général erkläert, firwat.
Polina Bashlay a Yannick Bertrand
Live vun der Studentefoire - kuerz éier se opgeet: Froen un d'Presidentin vun der ACEL an dee fir de Volet Informatioun zoustännege Vize-President.