Radioen

On air

Notturno  |  Arthur Verocai - Na Boca Do Sol

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Invité:e vum Dag

Episoden

Patrick Dury

Patrick Dury

De Kampf géint de Laangzäitchômage, d'Erhéijung vun der Kafkraaft vu Klengverdénger, d'Wunnengsnout an d'Aarbechtszäit, doriwwer gëtt mam President vum LCGB diskutéiert.

Camille Thommes

Mam Generaldirekter vun der Alfi geet Rieds iwwert d'Fongenindustrie: 2016 war e Rekordjoer. 3741 Milliarden Euro un Nettoaktiva ginn zu Lëtzebuerg geréiert.

Claude Turmes

Dat Europäescht Parlament huet mat grousser Majoritéit de CETA-Accord gestëmmt. Wéi geet et elo weider? De gréngen Europadeputéierten erkläert.

Paul Gries

De President vun der FCPT (Fédération chrétienne du personnel des transport) kommentéiert den Zuchaccident tëscht Beetebuerg a Zoufftgen.

Philippe Poirier

De Politolog vun der Uni Lëtzebuerg a Co-Auteur vun der Etude "Constitulux" schwätzt iwwert d'Biergerbedeelegung am Kader vun der Verfassungsreform.

Alexa Warnier

D'Chargée de Direction vum Fraenhaus "Foyer Sud - Fraen an Nout" schwätzt iwwert häuslech Gewalt an d'Konsequenze fir d'Affer.

Jean-Michel Collignon

D'Foireshalen hunn ekonomesch schwiereg Joren hannert sech. Wei geet et viru mat der LuxExpo? Doriwwer geet Rieds mam Direkter Jean-Michel Collignon.

Friedrich Mühlschlegel

De Professer fir Mikrobiologie ass den neien Direkter vum Staatslabo (LNS).

Katy Fox

D'Plattform CELL an d'Netzwierk "Transition Luxembourg" kruten de Präis "Hëllef fir d’Natur". D'Generalcoordinatrice vu CELL erkläert de Projet.

Claude Clemes

D'CSV organiséiert sech virun de Gemengewalen. De President vun de chrëchtlech-soziale Gemengeréit erkläert.

Frank Feitler

Den neie President vun der Abtei Neimënster schwätzt iwwert d'Vilfalt vun de Kulturhaiser an de Suivi vun de "Kulturassisen".

Jan Kalbitzer

Mam Psychiater an Auteur vum Buch "Digitale Paranoia: Online bleiben, ohne den Verstand zu verlieren", iwwert den Impakt vun Internet a Smartphone op eis Gesondheet.

Laurent Federspiel

Detailer iwwert déi strategesch Ausriichtung vun der Lëtzebuerger Promotiounsagence "Luxinnovation" mam zoustännegen Direkter fir "Cluster".

Yves Cruchten

Mam Generalsekretär vun der LSAP geet Rieds iwwert d'Aktualitéitsthemen: Flüchtlingen, Burkaverbuet a Participatioun an der Partei.
Frank Wies

Frank Wies

Den Affekot an Expert an Asyl- an Immigratiounsfroe schwätzt iwwert dat Lëtzebuerger Asylrecht.

Marc Baum (déi Lénk) & Laurent Mosar (CSV)

Béid Oppositiounsdeputéiert debattéieren iwwert d'Flüchtlingspolitik.

Sylvain Besch a Julien Gannard

Auslänner déi zanter op d'mannst fënnef Joer zu Lëtzebuerg wunnen, dierfen sech op de Wielerlëschte fir d’Gemengewalen aschreiwen. De CEFIS zitt de Bilan vun den Aschreiwungen.

Yves Piron

Den Direkter vum OLAI "Office luxembourgeois de l’accueil et de l’intégration" zitt Bilan iwwert d'Situatioun vun de Flüchtlingen.

Claude Strasser

175 Joer Post. De Generaldirekter schwätzt iwwert Digitaliséierung, Liberaliséierung a Postfilialen.

Romain Kohn

Den Direkter vun der ALIA erkläert d'Hannergrënn vum Blâme, deen déi "Onofhängeg Lëtzebuerger Autoritéit vum Audiovisuellen" géint RTL geschwat huet.