Radioen

On air

Notturno  |  Michel Pilz Quartett - Nasu Nohana II

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

EU-Covid-Certificat: Lëtzebuerg wëllt virum Summer prett sinn

Den EU-Covid-Certificat a Form vu QR-Codë soll zu Lëtzebuerg bis virum Summer prett sinn, seet d'Gesondheetsministerin Paulette Lehnert.

Brexit: Europaparlament hëlt lescht Etapp

D'Europaparlament huet ofgestëmmt iwwer den Handelsaccord mat Groussbritannien - d'Resultat gëtt de Moien bekannt. Et gëllt awer als sécher, datt eng Majoritéit dofir stëmmt.

Sofagate: Déck Loft tëschent Conseilspresident a Kommissiounscheffin

D'Kommissiounscheffin hat kee Recht op eng Fotell nieft dem tierkesche President. Gëschter huet d'Ursula von der Leyen dat ëffentlech kritiséiert.

Liberty House: EU-Kommissioun muss Verantwortung iwwerhuelen

Do si sech de Wirtschaftsminister an d'Gewerkschaftssäit eens.

Een ondankbaren Job

Den Olivier Hanrion vun der belscher RTBF geet op ee Posten an, deen hien net wierklech als Kaddo ugesäit.

Kënschtlech Intelligenz an der EU

D'EU ass déi éischt Regioun op der Welt, déi Reegelen fir d'Kënschtlech Intelligenz opstelle wëllt. KI soll engersäits gefërdert, anerersäits solle Grenze gesat ginn.

EU-Klimaschutzgesetz: Historesche Moment oder verpasste Chance?

D'EU ass sech eens ginn iwwer ee Klimaschutzgesetz. D'Meenunge ginn auserneen. Fir déi eng ass et een historesche Moment, fir déi aner een Echec.

Wéi gréng ass d'Atomenergie?

Wéini ass eng Investitioun als gréng unzegesinn? An der EU gëtt et Reegelen, déi dat definéieren: Si sollen iwwerschafft ginn, an do gëtt et Sträit.

TikTok muss sech un EU-Reegelen halen

D'Online-Plattform TikTok muss sech un déi europäesch Reegelen halen, dat soen Europadeputéiert. Si hoffen, datt eng EU-Direktiv méi Kloerheet bréngt.

Fleegepersonal: Belkir Belhaddad fuedert Efforte vu Lëtzebuerg

Dee franséischen Deputéierte fuerdert, datt Lëtzebuerg sech finanziell un der Ausbildung vu Fleegepersonal bedeelegt.

Harmoniséiert Approche fir EU-Impfcertificat

D'EU-Staaten hu sech op eng gemeinsam Linn beim geplangte Covid-Certificat gëeenegt. Dat ass d'dpa aus Diplomatekreeser zu Bréissel gewuer ginn.

Lëtzebuerg lackelt d'Paräisser un a Paräis d'Lëtzebuerger

D'Corona-Pandemie trëfft d'Tourismus-Branche zu Paräis haart. D'Léisung: Méi nohaltegen a lokalen Tourismus. Och d'Lëtzebuerger sollen ugelackelt ginn.

Nei Gewalt am Irland-Konflikt

An Nordirland ginn et nees Affrontementer tëschent Manifestanten an der Police. Schmäerzhaft Erënnerunge ginn erwächt, mengt de Sandro Calderon vun der RTBF.

Nach méi Differenzen duerch de Brexit

De Brexit accentuéiert d'Ënnerscheeder tëschent der EU a Groussbritannien, fënnt den Oliver Hanrion.

EU tëschent AstraZeneca a Sputnik

Dat 1. Trimester vun der Impfcampagne ass eriwwer. Et ass net genuch Impfstoff do, et gëtt doriwwer gestridden, wéi e soll verdeelt ginn a Verschiddener setzen elo op Sputnik.

OpenLux: Et gi méi streng Reegele gebraucht

OpenLux war méiglech, well Lëtzebuerg d'Donnéeën aus dem Firmeregëster publik mécht. Dat schreift eng EU-Direktiv vir, ass awer nach laang net iwwerall de Fall.

Interview: Isabel Wiseler, Europadeputéiert vun der CSV

D'EU verhänkt Sanktioune géint China, China äntwert mat Géigesanktiounen. Wéi geet et elo viru mam Investitiouns-Accord, deen d'EU mat China ënnerschriwwen huet?

Slowenien: Pressefräiheet vun uewe menacéiert

A Slowenien huet de Premier Janez Jansa méi wéi eng Kéier probéiert, d'Medien ze beaflossen. Domat beschäftegt sech den Ament d'Europaparlament.

Elektromobilitéit: Wou sinn d'Luedstatiounen?

D'Unzuel un Elektrobornen, souwuel am ëffentleche Raum, an de Parkinge wéi och an den Appartementshaiser kënnt der Hausse vun den Elektroautoen net no.

Een EU-Sommet zu 28

Den Olivier Hanrion (RTBF) kommentéiert de leschten EU-Sommet mat der Presenz vun engem Guest star.