Radioen

On air

Notturno  |  James Holden & The Spirit Animals - Pass Through The Fire

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Europa Aktuell

Episoden

EU-Agrar-Accord: Och a Frankräich gëtt et gemëschte Reaktiounen

Den Accord iwwer d'Zukunft vun der europäescher Agrarpolitik stéisst nach laang net iwwerall an der EU op Begeeschterung. Och net a Frankräich

EU-Rechtsstaat: Konkret Konsequenze fir Ungarn gefuerdert

D'EU muss direkt aktiv ginn, fir dofir ze suergen, datt sech Ungarn un EU-Standarden hält. Deen Appell kënnt vum Europaparlament.

Slowenien iwwerhëlt d'Presidence vun der EU

Dat mécht net nëmme verschidden Europadeputéierte Suerge mécht. Gëschter gouf de Programm am Europaparlament presentéiert.

Reuse, reduce, recycle

De Recyclage soll laut enger europäescher Direktiv bis 2030 verstäerkt ginn. D'Lëtzebuerger Regierung huet eng Null Offall Strategie bis 2030 geplangt.

"Esou Geschichte sinn iwwerhaapt net rar"

D'Affär vun enger Brasilianerin, déi no enger Plainte géint hire Patron gesot krut, si misst d'Land verloossen, werft Froen iwwer de System op.

Iwwer e "klengen Trump" zu Ljubljana

Et gëtt, wéi üblech am Juli, e Wiessel un der EU-Spëtzt. Déi nächst sechs Méint huet Slowenien d'EU-Presidence.

Orban-Clash

D'Fonke si geflunn um Sommet zu Bréissel dës Woch. Am Zentrum vun der Diskussioun: den ungaresche Premier Viktor Orban.

Europaparlament diviséiert iwwer Avortement

Am Europaparlament gouf et hefteg Debatten iwwer d'Recht op Ofdreiwung. Gëschter gouf an enger gespaanter Atmosphär iwwer en Text zu deem Sujet ofgestëmmt.

Spezial: Interview mam Frans Timmermans

Den EU-Kommissär, dee fir de Green Deal zoustänneg ass, stoung Journalisten aus dem Radios-Reseau Euranet Plus, zu deem och den 100,7 gehéiert, Ried an Äntwert.

Wéi gréng ass de Green Deal a wéi deier gëtt en?

Wéi soll de Green Deal, also d'Klimaschutz-Politik vun der EU, effektiv ëmgesat ginn? Froen un de Vizepresident vun der Europäescher Kommissioun, de Frans Timmermans.

Benelux pocht op LGBTIQ-Rechter an den Etat de Droit an der EU

EU-Ministeren diskutéieren iwwer Verstéiss vun Ungarn a Polen géint den Etat de Droit an der EU. Hiren Handlungsspillraum ass limitéiert.

Kënschtlech Insele virun Dänemark

Dänemark wëllt Energieinselen an der Nordsee bauen, ee Projet, un deem och Lëtzebuerg interesséiert ass.

D'EU an de Fussball

A senger Chronik kommentéiert den RTBF-Journalist Olivier Hanrion d'Europameeschterschaft.

Ursula von der Leyen op Europa-Tournee

Haut gëtt d'Kommissiounscheffin zu Lëtzebuerg erwaart, fir déi offiziell Adoptioun vum nationale Plang am Kader vum EU-Corona-Hëllefsprogramm.

Interview: Valérie Hayer, franséisch Europadeputéiert vun de Liberalen

D'Europaparlament huet wëlles, d'Ëmsetzung vun den nationale Pläng am Kader vum Corona-Hëllefspak genee ze iwwerwaachen.

Racial Profiling bei Police-Kontrolle vun Afro-Descendanten

Afro-Descendantë maachen zu Lëtzebuerg aner Erfarunge mat der Police, wéi déi generell Populatioun: Dat geet aus engem neie Rapport vun der EU-Agence fir Grondrechter ervir.

D'EU waart op d'Enn vum America first

D'EU wëllt eng nei Ära an de Relatioune mat den USA alauden mat engem Startschoss um EU-USA-Sommet. Mee den Handelssträit ass och ënner dem President Biden net bäigeluecht.

Éischt Etapp vum Joe Biden senger éischter Auslandsrees

Déi siwe räichsten Demokratien hunn um G7-Sommet versprach iwwer eng Milliard Dose vum Coronavirus-Vaccin a méi aarme Länner ze verdeelen.

Eng gréng Zukunft fir d'Landwirtschaft?

Mat engem Strategiepabeier leet de Landwirtschaftsminister fest, wou déi national Landwirtschaft zukünfteg histeiert. D'Dokument gëtt elo vun de Bauereverbänn aviséiert.

Birgit Sippel: "Onbegräiflech, datt d'EU-Kommissioun weider op Zäit spillt"

Zanter Januar huet d'EU nei Reegelen, déi den EU-Budget viru Korruptioun schütze sollen. Si ginn awer nach net ugewannt. Elo wëllt d'Europaparlament kloen.