Radioen

On air

Notturno  |  Kikagaku Moyo - Dancing Blue

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Déi gutt Noriicht

Episoden

Eng richteg Alternativ zum Auto

Frankräich wëllt bis 2040 100 Milliarden an den Ausbau an d'Moderniséierung vum Zuch-Reseau investéieren.
headphones

2 min

play_arrow

Vill Déieren si dru gestuerwen

Op Sri Lanka ass elo e groussen Deel vum Plastik verbueden, well och Elefanten dru gestuerwe sinn. Déi sinn do nämlech helleg.
headphones

2 min

play_arrow

Nëmmen nach véier Deeg schaffen?

An enger grousser Etüd a Groussbritannien gouf dëst alternativ Aarbecht-Konzept iwwer e puer Méint getest. Mat positive Resultater
headphones

2 min

play_arrow

Méi fir de Vëlo maachen

Mat Hëllef vun engem neien Aktiounsplang soll d'EU a seng Memberstaate méi Vëlo-frëndlech ginn.
headphones

2 min

play_arrow

Déi éischt queer Samba-Kinnigin

Beim Karneval vu Rio ass fir déi éischte Kéier e schwule Mann Samba-Kinnigin vun enger Danzschoul ginn.
headphones

1 min

play_arrow

An en neit Liewen integréieren

D'Unicef huet a Polen eng ganz Rei Projeten, fir zum Beispill ukrainesch Kanner a polnesche Schoulen ze integréieren.
headphones

3 min

play_arrow

Méi Chance fir jiddwereen

Fir verschidde Beruffer dierf d'EU elo net méi Däitsch, Franséisch oder Englesch op engem gudde Niveau verlaangen.
headphones

1 min

play_arrow

Inspiréiert un der Natur

E Fuerscher-Team huet Fënsteren entwéckelt, déi hir Faarf ännere kennen an esou méi oder manner Luucht eraloossen.
headphones

1 min

play_arrow

Vum Ëmwelt-Recht Gebrauch gemaach

Déi australesch Regierung huet de Bau vun engem Kuele-Kraaftwierk gestoppt.
headphones

2 min

play_arrow

Asyl fir Fraen a Meedercher

Dänemark gëtt Fraen a Meedercher, déi aus dem Afghanistan kommen, Asyl ouni weider Konditiounen.
headphones

1 min

play_arrow

"En historescht Urteel"

E Geriicht an Holland huet decidéiert, datt Mënschen net méi op Grond vun hirer Hautfaarf op der Grenz dierfe kontrolléiert ginn.
headphones

1 min

play_arrow

Waasserstoff aus Mierwaasser

Engem Fuerschungs-Team ass et gelongen, en op eng effizient an nohalteg Manéier hierzestellen.
headphones

1 min

play_arrow

Trans-Mënsche solle méi agebonne ginn

An enger pakistanescher Regioun ginn et elo Quote fir Trans-Mënschen an ëffentlechen Administratiounen an der Politik.
headphones

1 min

play_arrow

Stënterlechen Doud bei Bëbeeë kéint an Zukunft verhënnert ginn

Fuerscher:innen hunn erausfonnt, datt vill Puppelcher, déi um sougenannte "Plötzlicher Kindstod" gestuerwe sinn, un deels onentdeckte geneteschen Erkrankunge gelidden hunn.
headphones

2 min

play_arrow

Spillsaache gi méi divers

Mëttlerweil kritt ee Poppen am Rollstull, Poppen mat Pigment-Stéierungen oder mat Down-Syndrom.
headphones

1 min

play_arrow

Busser nëmme fir Fraen

Am Pakistan wëllt een domadder Frae viru sexueller Belästegung schützen.
headphones

1 min

play_arrow

Liewensmëttele verschenken

Supermarchéen zu Osnabrück verschenke Liewensmëttelen, déi soss am Bak gelant wieren.
headphones

1 min

play_arrow

Wéi loosse mir eis beim Choix vum Iesse beaflossen?

An engem Experiment gouf ënnersicht, ob eise Choix beim Iessen an der Kantin doduercher beaflosst gëtt, wéi ëmweltschiedlech de Plat ass.
headphones

1 min

play_arrow

Tester ouni Déieren

An den USA musse Medikamenter net méi un Déiere getest ginn, mee alternativ Tester si mëttlerweil erlaabt.
headphones

2 min

play_arrow

An d'Natur amplaz vu Medikamenter

Eng Etüd weist, wie méi dacks an d'Natur geet, fir deen ass et manner warscheinlech Medikamenter géint psychesch Belaaschtungen ze huelen.
headphones

2 min

play_arrow