08.03. Internationale Fraendag

Den 8. Mäerz ass den internationale Fraendag. Op dësem Dag demonstréiere schonn iwwer 100 Joer Frae weltwäit fir Gläichberechtegung a géint Diskriminéierung vu Fraen.
De radio 100,7 passt op deem Dag säi Programm un a proposéiert de ganzen Dag iwwer Bäiträg a Musek zum Theema. E puer Beispiller erausgepickt:
- De ganzen Dag lafen an eiser Playlist Songs, déi vu Fraen interpretéiert ginn
- 7:22: Europa Aktuell - Spuenien: Regierung adoptéiert Partitéits-Gesetz
- 7:30: D'Invitée vum Dag ass d'Marion Zovilé-Braquet, Buergermeeschtesch vun der Gemeng Contern
- 9:00: An der Emissioun Am Fong steet déi gendersensibel Sprooch am Mëttelpunkt mam Invité Luc Marteling, dem Direkter vum Zenter fir d'Lëtzebuerger Sprooch
- 14:40: A Resonanzen schwätze mir mat der Maria Gutierrez, der Produzentin vun der Sendung "Sequenza", an där Dir Komponistinnen an hir Musek kenneléiert (donneschdes um 14:40 a sonndes um 13.45)