Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert. Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert. Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Dem brittesche Komponist seng nei Kompositioun gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert.

Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Den 10. Dezember 1948 declaréieren d'Vereenten Natiounen déi allgemeng Charta vun de Mënschrechter. Dës Charta huet de brittesche Komponist Max Richter fir seng nei Kompositioun "Voices" inspiréiert, eng Commande vum Londoner Barbican Center, déi am Februar eng éischte Kéier opgeféiert gouf.

Dobäi vermëttelt de Projet senge Nolauschterer de Message vun Hoffnung a Fridden, an dëst an Zäiten, déi fir eis all nei an ongewéinlech sinn. Nach am Abrëll war vum Max Richter dat ronn aacht Stonne laangt Wierk "Sleep" a méi wéi 20 Länner iwwerdroe ginn.
 
"Voices" gëtt um internationalen Dag vun de Mënscherechter, den 10. Dezember, am Reseau vun der Union Européenne de Radio-Télévision diffuséiert. Ze erliewe sinn de Max Richter a säin Ensemble, dirigéiert vum Robert Ziegler, d'Geiistin Viktoria Mullova, d'Sopranistin Grace Davidson an d'Schauspillerin Sheila Atim als Erzielerin.
 
Dësen Donneschdeg, owes um 8 Auer - och um radio 100,7

Foto: CC BY-SA 3.0 WikiMedia / Henry W. Laurisch