Radioen

On air

Tockcity  |  Tockcity

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ méindes bis donneschdes vun 18:10-20:00: Eng nei Museksemissioun mam Mike Tock méndes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:15: Eng nei Talk-Emissioun

méindes bis donneschdes vun 18:10-20:00: Eng nei Museksemissioun mam Mike Tock méndes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:15: Eng nei Talk-Emissioun

méindes bis donneschdes vun 18:10-20:00: Eng nei Museksemissioun mam Mike Tock

méndes bis freides um 12:40 a sonndes um 10:15: Eng nei Talk-Emissioun

Dee richtege Start an den Owend

Tockcity heescht déi nei Museksemissioun mam Mike Tock. Genee dat richtegt, fir no der Aarbecht an de Feierowend ze fueren an endlech doheem unzekommen. Mat genuch Pepp an Ambiance gëtt den Dag auskléngen ze loossen.

An der Sendung geet et ëm Musek, nei Releasen aus Rock, Pop, Electronica an natierlech eng Grëtz Hip-Hop, Funk a Soul. Et gi Musekerinnen a Museker aus Lëtzebuerg an dem Ausland invitéiert, nei pertinent Produktioune gi virgestallt a Festivalle presentéiert. Live Musek a Gäscht sinn dee klenge Bonus an der neier Emissioun.
Tockcity vu méindes bis donneschdes vun 18:10-20:00

 

Déi nei Talk-Emissioun

All Woch léiert Dir eng Perséinlechkeet aus dem Grand-Duché besser kennen.
De Rendez-vous ass vu méindes bis freides um 12:40. Online kënnt Dir scho vu méindes un dee ganzen Interview lauschteren, an deen héiert Dir och um Sonndeg Moie kuerz no 10:00 op der Antenn.

Et geet ëm d'Liewen, eenzel professionell, privat oder kënschtleresch Etappe vum Invité. Iwwer Momenter aus der Lëtzebuerger Zäitgeschicht vun de leschte Joerzéngten. D'Gäscht, déi mir Iech allkéiers eng ganz Woch laang presentéieren, kréien Zäit, am Detail op eenzel Punkten anzegoen an dat an der Atmosphär vun engem labberen Interview.
Deen eenzege Krittär ass, datt den Invité eppes ze erzielen huet. Da ka vun der Infirmière op der Palliativ-Statioun, iwwer Schauspiller, Museker an Dänzer bis bei Politiker oder Wëssenschaftler goen. Et geet ëm d'Persoun an hir Geschichten.

Éischten Invité an der Woch vum 14. September ass de Marion Thill, Piercer, Kënschtler, Radiomann an den 1980er, DJ a Museker.