sou kléngt Lëtzebuerg

sou kléngt Lëtzebuerg

Vu Freideg, den 20.3. um 23:00 un

 
Musek aus Lëtzebuerg ass an der DNA vum radio 100,7. Et ass net just als Deel vun eiser ëffentlech-rechtlecher Missioun, fir der Kreatioun hei aus dem Land eng Bün ze bidden, mir interesséieren eis fir d'Musek, déi hei gemaach gëtt, a wat si iwwer eis Gesellschaft ausseet.
 
De radio 100,7 diffuséiert scho laang a sengem Flächeprogramm - baussent de spezialiséierten Emissiounen am Owesprogramm - ronn 10 % Musek aus der Fieder vu Lëtzebuerger KomponistInnen. Dat sinn all Stonn, ofhängeg vum Wuertundeel, 1 bis 3 Lidder.
 
Mir hunn decidéiert vun e Freideg, 20. Mäerz un, vun 23:00-00:00 Auer, all Dag eng weider Stonn exklusiv der Musek vun heiheem ze dediéieren. Engersäits wëlle mir domat erreechen, datt déi MusekerInnen, déi momentan keng Concerte kënne spillen, duerch d'Ausschëdde vun hiren Droit d'Auteurë mat enger klenger Kompensatioun kënne rechnen.
 
Anerersäits wësse mir, datt de Medium Radio an dëser Zäit nees méi populär gëtt. De radio 100,7 wëllt dat notze fir deenen ArtistInnen, déi soss net gespillt ginn, méi Gehéier ze verschafen. Am spéiden Owend proposéiere mir Iech all Dag e faarwege Mix vun Thierry van Verweke bis Cleveland. Test Är Kenntnisser am Lëtzebuerger Rock, Pop, Jazz an Elektronik-Repertoire, an entdeckt Pärelen aus eisem Museksarchiv.
 
Selbstverständlech proposéiere mir dës Stonn Rock, Jazz a Gaardebounen och on demand an op 100komma7.lu an an der App, fir se dann ze genéissen, wann Dir et wëllt.
 
Och wann déi kulturell Aktualitéit méi lues dréit, invitéiere mir weider reegelméisseg MusekerInne virtuell bei eis an de Studio an informéieren Iech iwwer dat, wat an de Studioen, Proufsäll a Kellere gekacht gëtt.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen