Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Mat musikaleschen Highlights duerch d'Silvester-Nuecht.

Mat musikaleschen Highlights duerch d'Silvester-Nuecht.

Mat musikaleschen Highlights duerch d'Silvester-Nuecht.

Dënschdeg, 31.12. vun 19:04 un

Papperlapop feiert Silvester mat Ausschnëtter aus Gespréicher vun dësem Joer. Den Jamie Reinert kuckt zeréck op 2019 a féiert Iech mat Highlights aus de musikaleschen Interviewen an diverse Stécker duerch déi leschten 12 Méint. Mat dobäi sinn de Peter Broderick, de Benny Sings, d'Salami Rose Joe Louis, de Louis Cole an d'Ruth Garbus.

Weider geet et um 20:00 mat engem Best of 2019-Trendscheif, wou sech véier Museknerds iwwer hir Coup de Coeure vum Joer austauschen.

Am Uschloss héiert Dir vun 22:00 un eng Silvester Emissioun mat Live-Matschnëtter vu Franz Ferdinand, dEUS, Maxïmo Park an dem Sam Fender fir duerch déi lescht Nuecht vum Joer ze danzen.

Mir wënschen Iech e gudde Rutsch an dat neit Joerzéngt an e glécklech neit Joer.