Schengener Gespréicher

Schengener Gespréicher

Sonndeg, 29.12.2019 um 11:04

Siwe Flughäfe ginn et an der Groussregioun. Flughäfen, déi zu engem groussen Deel duerch staatlech Subventiounen um Liewe gehale ginn. Duerch Synergië kéint een zwar méi wirtschaftlech schaffen, mee hei feelt et um Wëlle besser ze kooperéieren, de Konkurrenzgedanke spillt nach ëmmer déi gréisser Roll. Mee vun 2024 u soll Schluss si mat de Subventiounen, fuerdert déi Europäesch Kommissioun. Wat geschitt dono?

Doriwwer diskutéieren de Günter Heinrich, President vum saarlännesche Landtag an de gréngen Deputéierten a President vun der Chamber-Transportkommissioun, de Carlo Back.

Moderatioun: Sabine Ertz SR2 KulturRadio an André Duebbers, radio 100,7

Lauschtert hei

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen