Rosmarin an Thymian, de Camille Kerger an den Alex Mullenbach, Thaïs

Camille Kerger, Alex Mullenbach

Bewosst Gesond - Kraider an der gesonder Kichen: Thymian a Rosmarin

Eng kleng Brise vu "Rosée du matin an e frësche Blummen-Aroma": Och esou kann een déi zwee wonnerbar Kraider Rosmarin an Thymian beschreiwen.

Thymian passt gutt zu Wuerzelen, Ratatouille, Kabes oder Fësch. Rosmarin passt gutt zu Courgetten, Bounen, Gefligel a Schwéngefleesch a Gromperen.

Eng Kiche mat Kraider a Gewierzer bréngt nei Goûten an d'Iessen. Weider Rotschléi mat der Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.

Lauschteren

Aus dem radio 100,7 Archiv - Binôme: Camille Kerger an Alex Mullenbach

Eng aner Zort vu Schrëftsteller war am Mäerz 1998 beim Jean Portante an der Emissioun Binôme, an där zwou Perséinlechkeeten aus der sozio-kultureller Zeen sech begéint sinn: De Camille Kerger a säin Iwwerraschungsgaascht, den Alexander Mullenbach.

Zwou Persounen, déi allen zwee Komponist wéi och Dirigent sinn a sech och soss zimmlech gläichen. Mee eppes hunn déi zwee net gemeinsam. De Camille Kerger ass hei zu Lëtzebuerg bliwwen an den Alexander Mullenbach ass fort op Salzburg gezunn. Huet hie sech vläicht ze vill ageengt gefillt?
Zwou Perséinlechkeeten aus demselwechte Beräich, déi sech schätzen, eppes mateneen ze dinn hunn, a Loscht hunn, een iwwer deen aneren ze schwätzen. Zwee Portraiten entstinn esou, op eng originell Aart a Weis gezeechent.

Lauschteren

Musikalesche Moment - Thaïs, d'Oper vum Jules Massenet

Wéi a villen Opere geet et am "Thaïs" vum Jules Massenet ëm Léift, Leidenschaft, Vertrauen, mee och ëm Verrot a Jalousie, dëst mat vollen exotesche Kläng.

Den Ausschnëtt "Méditation de Thaïs" gehéiert haut zu deene populäerste Melodien aus der Klassik. De Manuel Ribeiro erkläert.

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen