De Coronavirus ass besonnesch geféierlech fir al Leit: Méi wéi een Drëttel vun den Doudesfäll gëtt aus Alters- a Fleegeheemer gemellt. Mee wéi kënne mir dës Leit schützen, ouni hinnen ze schueden? Wéi kënne mer si versuergen a si awer matschwätze loossen?
Doriwwer diskutéiere mir dëse Samschdeg mam Ben Wahl, Responsabel fir d'Soinen am CIPA Bieles, mat der Anja Leist, Gerontopsychologin a Fuerscherin op der Uni Lëtzebuerg, mam Gilbert Pregno, President vun der Mënscherechtskommissioun a mat der Monique Del Marco, Duechter vun enger Fleegeheem-Bewunnerin.
Moderatioun: Maxi Pesch
Lauschtert d'Emissioun an eiser Mediathéik.
Foto: Bigstock / Herraez