10.5. D'Stonn vun den Experten: Riicht eraus mam Ulf Nehrbass
Wéinst der Corona-Pandemie ass d'Wëssenschaft aussergewéinlech present am ëffentlechen Debat an am politeschen Entscheedungsprozess. Wéi geet d'Fuerschung hei am Land mat dësem Defi ëm? Wéi huet si sech déi lescht Wochen ëmorganiséiert? A wéi konkret dréit si zur Krisegestioun bäi?
Doriwwer schwätzt d'Pia Oppel mam Ulf Nehrbass, dem Generaldirekter vum Luxembourg Institute of Health a Spriecher vun der Covid-19-Wëssenschafts-Task-Force.
Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.