Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

Riicht eraus

Sonndeg, 19.1. um 11:00 an 18:00 

Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
 
Wat kann zu Lëtzebuerg dogéint ënnerholl ginn? Wéi staark kann a soll de Staat intervenéieren? Wéi eng Verännerunge soll a wäert déi geplangte Reform vun der staatlecher Pressehëllef mat sech bréngen?
 
Doriwwer diskutéiere mir a Riicht eraus mat der Josée Hansen, Chefredactrice vun der Wochenzeitung d'Lëtzebuerger Land, mam Mike Koedinger, Haaptaktionär vum Grupp Maison Moderne (ë. a. Paperjam an Delano) a mam Jean-Lou Siweck, Direkter vum Grupp Editpress (ë. a. Tageblatt a L'essentiel)
 
D'Emissioun Riicht eraus héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Moderatioun: Jean-Claude Franck.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen