3.5. Riicht eraus: Wéi geet et weider am Konscht- a Kultursecteur?

Konscht- a Kultursecteur

De Konscht- a Kultursecteur gouf vun der sanitärer Kris frontal getraff. Vill Kënschtlerinnen a Kënschtler sinn an enger schwiereger Situatioun. Awer och d'Mënschen hannert de Kulissen an de Kamerae sinn an der Precaritéit. Dat Schlëmmst ass, datt kee weess, wéi a wéini et weidergeet.

Iwwer perséinlech Schicksaler, brancheniwwergräifend Mobilisatioun a politesch Mesurë schwätzt den Yves Stephany dëse Sonndeg an der Emissioun Riicht eraus.

Invitéë sinn d'Theaterregisseurin Anne Simon, de Museker Maxime Bender, den Assistant Director Yasin Özen an d'Kulturministerin Sam Tanson. 

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen