Riicht eraus mam Henri Grethen

Sonndeg, 12.1. um 11:00 an 18:00
Zwielef Joer laang war den Henri Grethen de Lëtzebuerger Member beim Europäesche Rechnungshaff um Kierchbierg: Dëse Sonndeg ass de fréieren DP-Politiker den Invité an eiser Emissioun Riicht eraus.
Mam 69 Joer alen Henri Grethen kucke mir zréck op seng Karriär. Laang Jore war hien DP-Generalsekretär an Deputéierten. An der CSV-DP-Regierung tëschent 1999 an 2004 war den Henri Grethen Wirtschafts- an Transportminister. Zanter 2008 a bis Enn 2019 war hien um Europäesche Rechnungshaff.
D'Emissioun Riicht eraus mam Henri Grethen héiert Dir dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7. Moderatioun: Serge Kesseler.