17.5. Riicht eraus: Engel vs Engel
Engel contra Engel: dat ass d'Affiche dëse Sonndeg an der Emissioun Riicht eraus. Deen een (Georges, LSAP) ass Chef vun enger Majoritéits-Fraktioun an der Chamber, deen aneren (Fränk, CSV) President vun der gréisster Oppositiounspartei.
Si schwätzen iwwer Krisegestioun an Oppositiounsfrust, Etat de crise a Covid-19-Gesetz, Maskeflicht an Impfprogramm, iwwer d'Relance an d'Finanzéierung dovun.
Schidsriichter ass de Maurice Molitor.
Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.