radioplayer.lu - Eng App fir d'Lëtzebuerger Radiosenderen

Radioplayer_Download.jpg

De radio 100,7, Eldoradio, L'Essentiel Radio, Radio Ara, Radio Latina, RTL - Deutschlands Hit-Radio, RTL Gold, RTL LX a RTL Radio Lëtzebuerg an RTL Today lancéieren zesummen radioplayer.lu

Radioplayer, déi offiziell App vun de wichtegste Radiostatiounen zu Lëtzebuerg, erlaabt Iech Musek an Noriichten ze lauschteren an Är Liblingspodcasten ze abonéieren. An dat gratis vun egal wou an egal wéini.

Mat radioplayer.lu kënnt Dir:

  • Nei Radiosenderen a Podcasten entdecken
  • Är Liblingspodcasten eroflueden an offline lauschteren
  • Är Lëtzebuerger Liblingsradiosendere am Ausland lauschteren an d'Stëmmen aus der Heemecht mat Iech ronderëm d'Welt huelen
  • Benoriichtegt ginn, wann eng nei Episod vun Ärer Liblingssendung erauskënnt
  • Dat wat Dir lauschtert iwwer sozial Netzwierker, Messaging- an Email-Apps deelen
  • Iwwer Är Bluetooth-Speaker, Fernsee, Apple Watch an Android Wear lauschteren
  • Ënnerwee am Auto iwwer Apple CarPlay an Android Auto lauschteren an iwwer Sproochsteierung sécher wärend dem Fueren de Sender wiesselen

Radioplayer ass Déi Radio-App fir informéiert ze bleiwen a fir déi beschte Musek a Podcaste vun iwwerall, wéini Dir wëllt, ze genéissen. Méi Informatiounen op www.radioplayer.lu

Luet Iech de Radioplayer hei erof:

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen