Radioen

On air

Notturno  |  Evelyn Kryger - Yemen (feat. Tom Trabandt)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Et ass wichteg, een Zeechen ze setzen, och iwwer den Weltfraendag eraus. An deem Kader hu mir den 8.3. spezial Emissiounen, déi sech mam Sujet ausenanersetzen.

Et ass wichteg, een Zeechen ze setzen, och iwwer den Weltfraendag eraus. An deem Kader hu mir den 8.3. spezial Emissiounen, déi sech mam Sujet ausenanersetzen.

Et ass wichteg, een Zeechen ze setzen, och iwwer den Weltfraendag eraus. An deem Kader hu mir den 8.3. spezial Emissiounen, déi sech mam Sujet ausenanersetzen.

8.3. Programm um Weltfraendag

Et ass wichteg, een Zeechen ze setzen, och iwwer den Weltfraendag eraus. An deem Kader hu mir den 8.3. spezial Emissiounen, déi sech mam Sujet ausenanersetzen.

Hei sinn d'Highlights, déi Iech um Weltfraendag erwaarden:
 

Riicht eraus

Ass d'Musek e Männergeschäft? Dës Fro stellt sech d'Museksredaktioun vum radio 100,7 um Weltfraendag. Firwat schaffen nach ëmmer wéineg Fraen am Musekbusiness? Ginn et méi männlech Museker a Bands, wéi weiblecher? Wéi eng Erfarunge maache Fraen, déi an der Musek schaffen? Gesäit de Public Fraen op der Bün anescht, wéi Männer?

Am Gespréich treffe sech d'Sängerin a Schauspillerin Sascha Ley, d'Komponistin Catherine Kontz an de Joe Haas, Beoptraagte vum Kulturministère fir Musek, dëse Sonndeg um 11:04 an 18:04.

Wäiss a Schwaarz

Zanter 2008 lieft a schafft d'Pianistin a Komponistin Tatsiana Zelianko zu Lëtzebuerg. Déi fréier Schülerin vum Claude Lenners a vum Alex Mullenbach huet sech als eng vun de prominente Fraen an der Musekszeen etabléiert. En etlech vun hire Kompositioune goufe beim Festival rainy days uropgeféiert.
Tatsiana Zelianko ass Invitée an der Emissioun Wäiss a Schwaarz, dëse Sonndeg um 14:00 a Mëttwoch um 19:00 um radio 100,7.

New Cotton Club

Um Weltfraendag gëtt verschidde verstuerwenen Jazzsängerinnen geduecht:
D'Marilyn Monroe kenne mer als Schauspillerin an dacks goufen hir stëmmlech Fäegkeeten awer net erkannt. Och d'Judy Garland oder d'Julie London stoungen an de 50 er a 60er Jore virun allem op der Bün mat Jazzstandarden.
Am New Cotton Club proposéiere mir awer och déi grouss Jazzvocalistinne vun haut wéi d'Diana Krall, d'Patricia Barber oder d'Viktoria Tolstoy.
De Rendez-vous mam liichtem a smooth Jazz ass dëse Sonndeg um 15:00.