Den Igor Strawinsky ass ee vun de Schwéierpunkten an der Programmatioun vum Gustavo Gimeno, dem Chefdirigent vum OPL.
Den Donneschdeg, 3. Dezember, dirgéiert de Gustavo Gimeno Apollon Musagète vum Strawinsky an och de populäre Geieconcerto vum Felix Mendelssohn Bartholdy.
Solistin ass déi jonk spuenesch Geiistin Maria Dueñas, déi mat hire knapps 18 Joer schonn eng vill gefrote Musekerin an der internationaler Zeen ass. En Interview mat hir kënnt Dir an der Emissioun Resonanzen lauschteren.
Well Dir am Abléck net an e Concert an d'Philharmonie kënnt goen, huelen mir Iech mat ...
Den Donneschdeg den Owend um 8 Auer, live aus der Philharmonie ... exklusiv um radio 100,7