Neien Owesprogramm um radio 100,7

Grille Header

De radio 100,7 huet sech als Zil gesat, déi vilfälteg an divers Realitéite vun der Lëtzebuerger Gesellschaft, déi sech konstant weiderentwéckelt, erëmzeginn. Dem Pluralismus vun de Kulturen an de Meenungen soll Rechnung gedroen an déi sozial Kommunikatioun soll gefërdert ginn. D'Emissioune wëllen eng Bréck schloen tëschent den diverse Communautéiten hei am Land.
Dofir proposéiert de radio 100,7 elo 2 Owenter an der Woch Emissiounen op Englesch:
 
Dënschdes vu 20:00-23:10 The Benny Brown Show
Enjoy the legendary Benny Brown with his mix of the best music from the last 60 years.
 
Donneschdes vu 17:00-20:00 The Jim Kent Show
Together with a journalist from Delano Jim Kent analyses what has been important during the week as well as running down the top ten experiences in Luxembourg for you this week. The show features a diverse lineup of guests each week in The BIG Interview.

Vum 18. November un héiert Dir bekannten Emissiounen, déi zu neien Zäiten diffuséiert ginn, dorënner "One World", "Blue Note", "Jazz Unlimited", "Papperlapop", "Metal Meltdown", "Concert Euroradio", "Musek am Gespréich" a "Grousse Kino".

All dës Ännerungen an nei Emissioune fannt Dir iwwersiichtlech hei am Wocheniwwerbléck.
 

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen