Radioen

On air

Iwwer Mëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 sicht en/eng Journalist:in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch, oder Deelzäit.

De radio 100,7 sicht en/eng Journalist:in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch, oder Deelzäit.

De radio 100,7 sicht en/eng Journalist:in fir d'Redaktioun Klassesch Musek mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch, oder Deelzäit.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Etablissement de Radiodiffusion Socioculturelle bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

Klassesch Musek ass e festen Deel vum Radioprogramm. De Radio informéiert iwwer d'Aktualitéit vu Museker, Orchesteren a Concertshaiser an hëlt reegelméisseg selwer Concerten op, déi och iwwer de Reseau vun der Union européenne de radio-télévision (UER/EBU) diffuséiert ginn. An dësem Kader sicht de radio 100,7 een/eng

Journalist:in
fir d'Redaktioun Klassesch Musek - Vollzäit oder Deelzäit
 

Är Tâchen

  • Konzeptioun, redaktionnell Recherche a Produktioun vun Emissiounen a Programmelementer ronderëm d'Welt vun der klassescher Musek
  • Presentatioun vun Emissiounen, live oder virproduzéiert, am Studio oder um Terrain
  • Preparatioun vu redaktionnellem Contenu fir eis Internetsäit "100komma7.lu"
  • Mataarbecht an der Museksprogrammatioun vum Radio an Identifikatioun vun neier Musek, déi an d'Museksrotatioun opgeholl ka ginn 
  • Mataarbecht beim Dokumentéiere vu Musek an Archivéiere vun Emissiounen


Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch

  • Exzellent Kenntnisser vun der nationaler an internationaler klassescher Musekszeen
  • Expertis an anere Museksberäicher wier e Virdeel
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen
  • Gutt Diktioun
  • Flexibilitéit, Ekippegeescht, journalistesche Virwëlz a Kreativitéit
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen
  • E Schoulofschloss mindestens um Niveau Bachelor
  • Allgemeng informatesch Kenntnisser

Mir bidden

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch oder och fir Deelzäit Aarbecht
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld

Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 9. Januar 2023 per Email un rh@100komma7.lu.