Radioen

On air

Notturno  |  Manduka - De Un Extranjero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ De radio 100,7 sicht en/eng Mataarbechter:in an den Archiven mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch oder Deelzäit.

De radio 100,7 sicht en/eng Mataarbechter:in an den Archiven mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch oder Deelzäit.

De radio 100,7 sicht en/eng Mataarbechter:in an den Archiven mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch oder Deelzäit.

De radio 100,7 ass den ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg a gëtt am allgemengen ëffentlechen Interessi vum Média de Service public 100,7 bedriwwen. De Radio ass bekannt fir eng héich Qualitéit vun den Noriichten, der Musek an am Beräich vun der Kultur. An enger gutt gefëllter Mediewelt spillt en eng eenzegaarteg Roll als Spigel vun der Lëtzebuerger Sprooch, Kultur an Identitéit.

De radio 100,7 sicht een/eng

Mataarbechter:in an den Archiven - Vollzäit oder Deelzäit

Är Tâchen:

  • Dokumentéiere vu Radiosemissiounen an engem digitalen Archiv,
  • Archivéiere vun internen Dokumenter,
  • Thematesch Recherchen an den Archiven op Demande vun der Redaktioun,
  • Zesummenaarbecht mam CNA an den Nationalarchiven,
  • Entwécklung vu Konzepter fir d'Verbesserung vun den Archiven.


Den ideale Kandidat / Déi ideal Kandidatin brauch:

  • Praktescht Wëssen am Beräich vun der Archivverwaltung an/oder Administratioun,
  • Ausgeprägten organisatoresch a methodesch Fäegkeeten,
  • Capacitéit fir onofhängegt Schaffen an Eegeninitiative,
  • Perfekt Beherrschung vun der lëtzebuergescher Sprooch (geschwat a geschriwwen) a gutt Kenntnisser am Däitschen, Engleschen a Franséischen,
  • Allgemeng informatesch Kenntnisser,
  • E Schoulofschloss mindestens um Niveau Bac+2 oder entspriechend Berufserfahrung,
  • Wëssen vun der zäitgenëssescher Lëtzebuerger Geschicht am politeschen, wiertschaftlechen, kulturellen a musikalesche Beräich wieren e Virdeel,
  • Kenntnisser vun der nationaler an internationaler Musekszeen wieren e Virdeel.


Mir bidden:

  • En Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI)
  • Eng dynamesch a motivéiert Ekipp an engem kreativen Ëmfeld,
  • Aktiv Gestaltungsméiglechkeeten fir eng kontinuéierlech Verbesserung vun der Aarbecht an d'Participatioun un der Digitaliséierungsstrategie.


Schéckt eis Är Kandidatur mat Motivatiounsbréif, CV a Casier judiciaire wgl. bis spéitstens den 27. Mäerz 2023 per Email un rh@100komma7.lu.