Den Infirmiers-Beruff: Richtung international Penurie?

Mäin Europa: Infirmier

Mäin Europa: Mëttwoch, de 15.1. um 9:40 an 13:40

Fir datt de Gesondheetssystem funktionéiert ass Lëtzebuerg op d'Hëllef vun auslänneschem Fleegepersonal ugewisen. Dem Gesondheetsministère no sinn iwwer d'Hallschent vun den Infirmieren/ièren hei am Land Net-Lëtzebuerger. Den EU-Beruffsausweis vereinfacht d'Mobilitéit vun den Infirmieren/ièrë bannen der EU.

Mee wéi eng Konsequenzen op d'Spideeler vun eisen EU-Noperen huet d'Flucht vun den Talenter? Op wéi eng Schwieregkeeten treffen Infirmieren/ièren aus aneren EU-Länner a punkto Sprooch a Liewensqualitéit? A wat gëtt allgemeng géint déi international Penurie vun den Infirmieren/ièrë an der EU gemaach?

D'Maxi Pesch huet d'Acteuren um Terrain getraff.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen