27.5. Mäin Europa: Frontalieren aus dem Fleege- a Sozialsecteur

27.5. Mäin Europa

Méi wéi 200.000 däitsch, belsch a franséisch Frontaliere fueren all Dag iwwer d'Grenz fir zu Lëtzebuerg ze schaffen. Eng Zuel, déi zanter Jore konstant an d'Luucht geet. Wat zitt Frontalieren un? A wéi erliewe si Lëtzebuerg?

An enger rezenter Etüd ass TNS Ilres, am Optrag vun der Auslännerorganisatioun ASTI, dëse Froen nogaangen. Huet sech duerch d'sanitär Kris eppes an der Perceptioun vun de Frontaliere geännert? A wéi wuel spiere si sech wierklech hei am Land?

D'Rahel Könen huet bei enger Rei Frontalieren aus dem Fleege- a Sozialsecteur nogefrot.


Mäin Europa: Mëttwoch, de 27.5. um 9:40 an 13:40 

Lauschtert hei

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • #beethoven20

    De Jean Muller gëtt an 32 Episoden en déiwen Abléck an de Kosmos vum Ludwig van Beethoven senge Pianossonaten.

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen