De radio 100,7 ass fir déi éischt Editioun vum USINA22 Festival zu Diddeleng am Quartier Neischmelz mat dobäi an huet fir seng Nolauschter:innen e flotten an ofwiesslungsräiche Programm fir déi zwee Deeg virbereet. Hei den Iwwerbléck op dat, wat Iech erwaart:
Samschdes 11.6.
16-18 Auer: USINA22 Special
De Marc Clement mellt sech live vum Festival, informéiert Iech mat Andréck vun der Plaz an interviewt Bands, déi deen Dag optrieden.
18-19 Auer - TRENDSCHEIF on Tour
Den Jamie an den Yves sinn net am Studio vum radio 100,7, mee presentéieren hir Emissioun TRENDSCHEIF virum Publikum zu Diddeleng.
Sonndes 12.6.
14-15 Auer: USINA22 Special
An nees mellt sech de Marc Clement vum Festival mat Interviewen ...
15-16 Auer: Table Ronde: Music made in Luxembourg - challenges and perspectives
Mir diskutéiere mat Acteuren an Actricë vun der Lëtzebuerger Musekszeen ë. a. iwwer den Impakt vun zwee Joer Pandemie op hire Secteur. Moderéiert vum Yves Stephany.
16-17 Auer: USINA22 Special
No der Table ronde héiere mir nach emol Andréck vum Festival a verschidden Interviewen.