Vum Logo, bis Konzept an och Contenue waren déi jonk Kandidaten a Kandidatinnen, déi sech fir de Programm gemellt haten, vun Ufank u mat involvéiert.
Du hues och Loscht bei komma matzemaachen an iwwer déi Theemen ze schwätzen, déi dech selwer interessééieren? Schreif eis op komma@100komma7.lu
komma fënns du och op Spotify, Youtube, Instagram an TikTok
Still loading…
Dat éischt Format: Still Loading…, e Video-Podcast mam Cheryl (25) an dem Laure (20), mécht den Ufank. All zweeten Donneschdeg schwätzen déi Zwee iwwer d’Transitioune vum Liewen, an deenen net ëmmer alles direkt kloer ass - déi Phas tëschent Schoul an Uni, vun éischte Jobs an éischte Bezéiungen, bis hin zu Decisiounen an neien Ufäng. Mat vill Humor, Real Talk an heiansdo och mat Gäscht gräife si Theemen op, déi si, genee esou wéi vill aner Jonker, an hirem Alldag beschäftegen.
#8 - "Et mussen onangeneem Froe gestallt ginn" ft. Laurent
De Laurent ass oppen, mécht gäre Wuertspiller an en ass frëndlech, mengt e mol. Zum Schluss vun der Episod kënnen d’Laure an d’Cheryl dat dann och confirméieren, dat an de Fakt, dass seng Behënnerung zwar en Thema ass, ma hiennach laang net ausmécht. Esou erkläert sech dann och firwat et e bëssen dauert ier déi Dräi op déi offiziell Bezeechnung vum Laurent senger Aschränkung ze schwätze kommen a wat dës mat sech zitt.
Vum Haass op Parkhaiser, seelene Krankheeten an Tabuthemen, déi keng sollte sinn – dës Episod vu Still loading... hëlt iech mat an den Alldag vun der presuméiert eenzeger Persoun mat EDMD zu Lëtzebuerg.
#7 - "d'Liewen ass e Puzzel" ft. Amii Watson
Weniger labern mehr machen, ganz no deem Motto huet d'Amii Watson a sengem Liewe scho ganz vill ausprobéiert: vu Fashion-Blog bis eng eege Kleedermark, vu Grafikdesign bis YouTube-Channel. Do huet hatt aktuell iwwer 800.000 Subscribers mam Projet Flavour Trip, deen et zesumme mat sengem Frënd dem Jimmy, lancéiert huet. Firwat grad dësen, vun allen hiren Iddien, esou gutt funktionéiert erkläert hatt an dëser Episod.
A wien elo mengt dat heite gëtt eng Episod iwwer eng réng Success-story, deen huet sech geiert: D'Cheryl an d'Laure kucke mam Amii zesummen hannert de Prozess, an deem esou vill méi stécht wéi just Follower-Zuelen. En éierlecht Gespréich iwwer de Wonsch no engem kreative Liewe mat all senge Vir- an Nodeeler an iwwer e Wee deen net ëmmer sou gelaf ass wéi een (oder anerer am Ëmfeld) sech dat virgestallt hunn.
A propos et leeft net ëmmer alles wéi geplangt: déi lescht 10 Minutte vun der Episod ass eis Kamera ausgefall. Dofir entschëllege mir eis, a fir de Recht wënsche mir vill Spaass beim Lauschteren a Kucken.
#6 - Sektiounen ofschafen?! ft. Miss B.
Jiddereen huet eng Meenung zum Schoulsystème, mee elo mol ganz konkret: wéi gesi Leit aus dem Secteur dat eigentlech – wat ass still loading bei education.lu, wat misst een änneren a wat leeft gutt?
Wärend d’Cheryl am franséische Schoulsystème war a sech freet firwat eng G och mol als Poubellsklass bezeechent gëtt, huet d’Laure vun Dag 1 un de Parcours matgemaach, en Deel dovun och mam Diana Borges, dat mat 6 Joer an d’Land, an domat an de lëtzebuergesche Schoulsystème, komm ass, an elo op der anerer Säit vum Pult steet: als Engleschproff.
A wéi een op Englesch géif soen: “how the tables have turned”, elo ass et un der Miss B. d’Froen ze beäntwerten - déi vum Laure a vum Cheryl, awer och déi vun iech!
#5 - irrational Entscheedunge ft. Christian
Ganz genee ze wësse wat ee säi Liewe laang wëll schaffen, ass guer net esou evident. Déi meescht decidéiere sech iergendwann fir eppes a bleiwen dann dobäi. Anerer traue sech awer och hir Weeër ëmmer nees nei ze denken an zu där zweeter Kategorie, gehéiert definitiv de Christian.
Vum Wonsch en Handwierk ze léieren, iwwer den Droit-Studium, bis an d'Welt vun den Immobilien an zu engem eegene Fitness: huet hie sech bewosst dofir entscheet fir all Iddi oppen ze sinn, an ze bleiwen.
Wéi dëst an der Praxis ausgesäit, wat d'Cheryl an hie gemeinsam hunn an op wat fir en Deal d'Laure sech hei agelooss huet - dat gitt dir an dëser Episod gewuer.
#4 neit Joer, nei Virsätz?!
Wat bleift eigentlech vun eisen Neijoersvirsätz iwwreg, wann d'Joer bal eriwwer ass? An ass et normal, dass d'Liewe sech méi no enger Achterbunn ufillt wéi no engem Vision board?
An dëser Episod sëtzen d'Cheryl a Laure sech eng leschte Kéier fir dëst Joer zesummen a kucken zeréck op 2025: op déi grouss Ziler, déi kleng Erfolleger, d'Pläng, déi net ganz opgaange sinn - an op dat, wat se dobäi iwwer sech selwer geléiert hunn. Vun eegenen Erwaardunge bis zu der Erkenntnis, dass et heiansdo méi wéi ee Joer brauch fir Virsätz ze realiséieren.
Eng éierlech Episod iwwer Hoffnung, Self-confidence a firwat ee selwer muss aktiv ginn, wann ee Saache wëll änneren.
#3 - staying sane in your 20's
Deen een Dag sëtz de nach un dengen Hausaufgaben, den Nächste muss de scho wësse wat s de fir de Recht vun dengem Liewe wëlls maachen - an den 20er verännert sech esou vill, wéi soll een do roueg bleiwen a sech net permanent mat anere vergläichen?
Vu Screen time reduzéieren, d'Hannerfroe vun Influencer, Self help Bicher an dem Hotel-Mama kucken déi Zwee op hir eegen Erfarungen an Zweifel, a wat bei der Missioun "staying sane in your 20s" kéint hëllefen.
#2 - "et muss méi gekrasch ginn" ft. Krick
Wat mécht ee wann ee säi Liewe laang op eppes hi geschafft huet an een da mierkt "dat ass et net"? Iwwer déi Erkenntnis an alles wat duerno kënnt schwätzen d'Cheryl an d'Laure mat der Sängerin Krick.
Wéi d'Laure hat d'Krick net ëmmer déi beschten Zäit an der Schoul, wéi d'Cheryl huet d'Krick deen Job opgi fir deen et esou laang geléiert huet a wéi déi Zwee zesummen ass d'Krick no um (oder wéi hatt seet: am) Waasser gebaut. Maacht d'Nuesschnappecher prett, egal ob der vu Laache kräische musst oder vun der Welt déi engem heiansdo e bëssen ze vill ass, wéi de Special guest vun dëser Episod seet: 't ass ok.
#1 - Frëndschaften
D'Laure an d'Cheryl si keng Frëndinnen, nach net. Si léiere sech an dësem Podcast kennen a wat wär e bessert Thema fir déi éischt Episod wéi "Frëndschaften". Séier gëtt hinne bewosst wéi ënnerschiddlech si sinn - wärend d'Cheryl sech freet wéi et nei Leit ka kenne léieren, ouni ze vill Physical touch a Kommunikatioun, freet d'Laure sech wéi et säin Daily hug vu senge Frëndinne ka kréien, lo wou et se net méi all Dag an der Schoul gesäit. An e puer Saache si si sech awer eens: u Frëndschafte muss ee schaffen, Breakups sinn ok an alles am Liewen, och Relatiounen, si Still loading...
Rotschlo
Got advice? D'Maya an d'Mia zéien duerch d'Lëtzebuerger Stroossen a froen d'Leit, wéi e Rotschlo si sech an hirem Liewe gewënscht hätten, a wat si anere Mënsche wëlle mat op de Wee ginn.
"live and let live" with Pit
"don't ever stop getting to know yourself, even while in a relationship" with Daniela
"listen to your heart" with Jason
"you can always ask for help" with Elena
"travel as much as you can" with Grégoire
"Carpe Diem" with Charlotte
"you're responsible for your own happiness" with Hortense
"live in the moment" with Marc
"spend time with your loved ones" with Amadeo
"good karma" with Catherine
"don't take life too seriously" with Noah
"don't be too hard on yourself" with Kate
"find the right friends" with Jenna
"don't waste your energy" with Hannah
"don't be afraid of change" with Alicia
"don't be scared to be yourself" with Kayla
"life has its ups and downs" with Thuto
"get the help you need" with Alexander