Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'Kannerkëscht ass online! Lauschtergeschichten a méi fir Kanner vun 3-12 Joer. Lauschtert eran!

D'Kannerkëscht ass online! Lauschtergeschichten a méi fir Kanner vun 3-12 Joer. Lauschtert eran!

D'Kannerkëscht ass online! Lauschtergeschichten a méi fir Kanner vun 3-12 Joer. Lauschtert eran!

De radio 100,7 offréiert eng "Kannerkëscht" op sengem Internet-Site an a senger App, gefëllt mat Lauschtergeschichten op Lëtzebuergesch fir kleng a méi grouss Kanner. D'Inhalter vun dëser Audiothéik kënnen op Demande ofgeruff ginn. Si adresséiere sech u Kanner bis 12 Joer a si praktesch no dräi Altersgruppen opgedeelt. An der "Kannerkëscht" kann ee wullen, sichen, erauszéien ... se kann och eng Zort Virwëlztut sinn. Hiren Inhalt soll Wësse vermëttelen, op eng spilleresch Manéier, mat Spaass an Amusement derbäi. 

Dës Lauschtergeschichten sinn an der Kannerkëscht: 
Déieregeschichte vum Dan Tanson
Jos, de Pastachampion
an déi wéchentlech Radiosemissioun "Kannereck"

De Contenu gëtt natierlech reegelméisseg erweidert.