Radioen

On air

Notturno  |  Florence Adooni - Mam Pe'ela Su'ure

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Jérôme Merker: Mam Seegelboot iwwer den Atlantik

Den Hallwer Néng

Jérôme Merker: Mam Seegelboot iwwer den Atlantik

De Lëtzebuerger Seegler Jérôme Merker huet dëst Joer un der Mini Transat, enger Seegelcourse iwwer den Atlantik, deelgeholl. Am Hallwer Néng huet hie seng Erfarungen a Gefiller virun, wärend an no der Course matgedeelt.

auto_stories

3 min

headphones

24 min

play_arrow
Foto: Jo Diseviscourt

Nach keng 24 Stonnen ass de Jérôme Merker zeréck zu Lëtzebuerg a schonn ass hie bei eis op Sendung fir vu senger Seegelfaart iwwer den Atlantik ze erzielen. Zwee Joer hat hie sech op d’Mini Transit virbereet, an elo huet hien et gepackt.

Op sech gestallt

D’Mini Transat ass eng Seegelcourse, déi vun Teneriffa aus start an op der anerer Säit vum Atlantik op der Guadeloupe zu Enn geet. 18 Deeg hat de Jérôme Merker ageplangt, géif den Trajet ongeféier daueren. Am Endeffekt waren et der zwar just 17, mee et wier keng einfach Tâche, erkläert de Lëtzebuerger Seegler. Et wier ee komplett op sech eleng gestallt. Et misst een alles selwer maachen, an een eegene Rhythmus fannen.

Kontakt zu der Famill gouf et net, dat wier emotional immens schwiereg. Seng Fra hätt him dofir Fotoen an e Bréif mat op de Wee ginn, wat immens gehollef hätt. De Seegler betount och, et géif keng Assistenz vu bausse gi wärend der Course. Alles wat ee brauch wier um Boot. Mam Festland oder anere Seegler dierft ee kee Kontakt hunn. Dat bedeit och, all Problem um Boot misst ee selwer léisen, soss wier een direkt aus der Course.

Eng eenzegaarteg Erfarung

De Jérôme Merker ass zwar net als éischten iwwer d’Arrivée gefuer, mee hien ass trotzdeem méi wéi frou mat senger Leeschtung an den Erfarungen, déi hien um Atlantik gesammelt huet. Hie betount, et wier eng komplett nei Situatioun gewiescht. Et hätt e puer Deeg gedauert, fir sech un d’Konditiounen ze gewinnen, mee hien hätt dat awer gemeeschtert.

Och ganz eleng matten um Atlantik hätt hie seng Beschäftegunge fonnt. Et wier net just d’Course, déi wichteg wier, mee et misst een och ofschalte kënnen. Wann alles gutt gelaf ass, huet hie sech gär mat engem Buch oder sengem Kindle entspaant. An der Nuecht hätt hien och de Stärenhimmel erlieft ewéi nach ni: Wäit ewech vun all Form vu Liichtverschmotzung wier de Stärenhimmel enorm kloer. Hien hätt kënnen eenzel Planéiten ausmaachen an een Iwwerbléck iwwer déi ganz Mëllechstrooss gesinn.

Fir e gudden Zweck

De Jérôme Merker ass net just fir sech selwer a seng Famill gefuer. Hien huet dës Course a Kooperatioun mat der Fondatioun Kriibskrank Kanner absolvéiert. Et wier him wichteg gewiescht, fir mat enger ONG zesummenzeschaffen, erkläert de Seegler. Aus dësem Grond wier et och besonnesch wichteg fir hie gewiescht fir bis zum Schluss ze kämpfen an iwwer d’Arrivée ze fueren. Et soll de Kanner Mutt maachen an e Beispill setzen, datt alles méiglech ass an een net opgi soll.

Elo ass de Jérôme Merker zeréck zu Lëtzebuerg. D’Famill hätt elo Mol Prioritéit, nodeems hien esou laang fort war an och net mat hinne kommunizéiere konnt. Seng Fra a säi Bouf wieren elo ganz uewen op der Prioritéitelëscht. Mam Seegele géif hien natierlech net ophalen, verséchert de Lëtzebuerger Seegler. Et géif och weider e festen Deel vu sengem Liewe bleiwen.

Lauschterenplay_arrow