Frësche Wand fir déi erneierbar Energien?

Frësche Wand

Mäin Europa: Mëttwoch, den 29.1. um 9:40 an 13:40

Fir 2020 wëllt Europa säin Undeel un erneierbaren Energien op 20 Prozent bréngen. 2030 sollen et 32 Prozent sinn. Fir dës Ziler ze erreechen, mussen och Solar- a Wandenergie staark ausgebaut ginn - och zu Lëtzebuerg.

D'Gemeng Wëntger gehéiert hei am Land zu deenen, wou am meeschte Wandrieder gebaut ginn. An den nächste Woche soll hei dee bis ewell gréisste Wandpark säi Betrib ophuelen.

De Stephan Polet war op d'Plaz kucken an ass do ënner anerem der Fro nogaangen, wéi eng Roll de Staat spillt, fir den Ausbau ze fërderen.

Lauschtert hei 

Programm

  • Virum Dag

  • On air

    Moies-Magazin

  • Iwwer Mëtteg

  • Resonanzen

  • Spektrum

Net verpassen

Dossieren

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 1. Mäerz u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

  • Berlinale70

    D'Berlinale feiert dëst Joer hire 70. Gebuertsdag ënner den neien Direktere Carlo Chatrian a Mariette Rissenbeek. D'Sarah Pepin an den Tom Dockal si fir eis op der Plaz.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen