Radioen

On air

Notturno  |  Stephen Steinbrink - Pony

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Am 100,7-Klassesall gi mer haut der Fro no, wisou datt Fräsche quaken, mir maache Buschtawe-Yoga, mir schreiwe mat enger Geheimschrëft an et kann een en USB-Mikroskop gewannen.

Am 100,7-Klassesall gi mer haut der Fro no, wisou datt Fräsche quaken, mir maache Buschtawe-Yoga, mir schreiwe mat enger Geheimschrëft an et kann een en USB-Mikroskop gewannen.

Am 100,7-Klassesall gi mer haut der Fro no, wisou datt Fräsche quaken, mir maache Buschtawe-Yoga, mir schreiwe mat enger Geheimschrëft an et kann een en USB-Mikroskop gewannen.

Fräschen

Firwat quaken d'Fräschen? A wéi vill Eeër leet eng Fräschemamm? A wisou ass Quarantän elo gutt fir d'Fräschen. Lauschtert, wat d'Françoise Theisen aus dem natur musée eis iwwer d'Fräschen erzielt.

Lauschteren

Buschtawe-Yoga am Mudam

Kanner, kennt dir den Ausdrock "Adhomukha Shvanasana"? E steet fir eng Yoga-Turnübung: "adho" bedeit: no ënnen, "mukha": Gesiicht, "svana": Hond an "asana": Haltung. Bei dësem Exercice geet et also dorëms, op véier gestreckte Patten, beim Mënsch: op gestreckten Äerm a Been, no ënnen ze kucke wéi e Mupp. Schonn d'Explikatioun kléngt komplizéiert.

Mee kënnt dir iech virstellen, datt Konschtwierker esou eng Übung ronn bréngen? Am Mudam, dem Musée fir modern Konscht um Kierchbierg, ginn et där.

Lauschteren

Geheimschrëft mam Bic

Wollt dir schonn emol eppes schreiwen, awer net jiddwereen et liese loossen?

Da braucht dir elo kee sophistiquéierte Geheimschrëften-Bléck a musst och net mat Zitrounejus hantéieren - de Mr. Science Joseph Rodesch seet, wéi ee Schrëft ka verschwanne loossen an och nees liesbar maachen.

Lauschteren

Wie gär doheem experimentéiert, ka säin Experiment knipsen oder filmen a mam Hashtag #experimentdoheem op de sozialen Netzwierker deelen. Déi gutt Noriicht ass, datt dräi Kanner, déi matmaachen, een USB-Mikroskop kënne gewannen, mat science.lu, wéi de Joseph Rodesch eis de Moie verroden huet.

Lauschteren

100,7-Aufgab: Du mools, wat ech der zielen

D'Lynn Lagodny huet sech eng Geschicht ausgeduecht, déi Kanner aus dem Cycle 1 kënne molen an e flott Molbuch gewannen.

D'Geschicht kënnt dir och nach emol op www.schouldoheem.lu lauschteren, ënner der Rubrik Challenge vum Dag.

Lauschteren

Ee Kazeliewen

D'Zazie a Knetzel wëllen akafe goen. Mee dofir brauche se jo Suen. Dat ass guer net esou einfach ... Wéi de Plang vun den zwou klenge Kazen weidergeet, erzielt iech d'Katia Urbany an hirer Geschicht.

Lauschteren