Krautwëschdag um radio 100,7

krautwësch ouni Text

De 15. August ass Léiffrawëschdag, an de radio 100,7 proposéiert e Feierdagsprogramm:

Moiesconcert um 10:00
De Bléck an d'Natur an an den Himmel - um Krautwëschdag steet d'Natur am Mëttelpunkt  - och am Moiesconcert mat Wierker vu Vivaldi an Holst ...
 

Spektrum Spezial um 14:00
Tuys si momentan eng vun den aktiivste Lëtzebuerger Bands. Och am Confinement hu si mat energiegeluedenen Optrëtter iwwerzeegt. Erlieft hire Concert vun der Journée de la musique nach eng Kéier, niewent Optrëtter vun Daniel Balthasar, De Läbbel a Slumbergaze. 

Musek fir ... Léiffrawëschdag um 16:00
Um Léiffrawëschdag gëtt e Wësch mat Planze vum Feld zesummegestallt a geseent. Domat hofft een eng gutt Recolte feieren ze kënnen. Passend zu dëser aler Traditioun proposéieren de Jean Claude Majerus an de Luc Boentges thematesch sortéiert Musek ronderëm de Sujet vun der Agrikultur.

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen