Europadag, Knuppe Freed an eng Spiritus-Rakéit

Europaparlament

News fir Kids

Muer ass e Feierdag: den Europadag. Zu Lëtzebuerg ass dat dat zweet Joer hannereneen en offizielle Feierdag - dat huet d'Regierung esou decidéiert. Wat oder wien gëtt dann do gefeiert? 

LauschterenLauschteren

Knuppe Freed am MNHA

Dir waart dach bestëmmt schonn emol op der Schueberfouer. War et do schonn däischter? Wann d'Sonn bis ënnergaangen ass, bei de Spiller, de Restauranten an de Bueden Dausende vu Liichtercher blénken, ass um Glacis eng ganz besonnesch Ambiance. Am Nationalmusée um Fëschmaart hänkt eng riseg Foto, op där dës Stëmmung wierklech gräifbar ass. D'Malgorzata Nowara vum MNHA erkläert.

Lauschteren

Reflexioune mat der Lucie Majerus aus dem Casino

De franséischen Ausdrock "Réflexion" bedeit op lëtzebuergesch esouwuel Iwwerleeung, wéi och Spigelung. Iwwerdeems wou d'Kënschtlerin Sophie Jung am Casino an der Ënneschtgaass hir Skulpturenausstellung opgeriicht huet, huet si iwwerluet, op et net interessant wier, verschidden Aarbechten ze spigelen. Wat si du gemaach huet, a wéi dir dat selwer och maache kënnt, verréit iech d'Lucie Majerus vum Casino.

Lauschteren

Mir bauen eng Spiritus-Rakéit

Haut bastele mir eng Rakéit. Dofir brauche mir eng eidel PET-Fläsch, bësse Brennspiritus, e Buerer, an e Fixspoun ... an am Beschten en Erwuessenen, deen eis hëlleft.

Lauschteren

Mäi Wee duerch de Supermarché

Stellt iech mol äre Supermarché vir, an da moolt dir e Grondrëss dovun op, schreift dra wat fir eng Wuere wou am Supermarché stinn, maacht iech eng Akafslëscht an da kuck dir mol, wéi's dir um kierzte Wee kéints duerch de Buttek goen. Dës a weider Aufgaben erwaarden iech haut am Challenge vum Dag.

Lauschteren

E Kazeliewen

Et ass den zwou zwou klenge Kaze gelongen 30 Euro ze stibitzen. Elo ass et esou wäit. Si maache sech op de Wee fir akafen ze goen. Mee fanne si de Supermarché iwwerhaapt? Et ass jo en Abenteuer, dat ganz nei fir si ass. Katia Urbany erzielt eis dat elo.

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Virum Dag vu 6 bis 10

  • Panorama

  • Virum Dag vu 6 bis 10

  • Noriichten

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen