Radioen

On air

Trendscheif  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Vu méindes bis freides geheie mir e Bléck hanner d'Kulisse vun der EU mat Interviewen, Reportagë vum Terrain, Hannergrondinformatiounen an Analysen an hunn e feste Rendez-vous mat eisen Auslands-Korrespondenten.

Vu méindes bis freides geheie mir e Bléck hanner d'Kulisse vun der EU mat Interviewen, Reportagë vum Terrain, Hannergrondinformatiounen an Analysen an hunn e feste Rendez-vous mat eisen Auslands-Korrespondenten.

Vu méindes bis freides geheie mir e Bléck hanner d'Kulisse vun der EU mat Interviewen, Reportagë vum Terrain, Hannergrondinformatiounen an Analysen an hunn e feste Rendez-vous mat eisen Auslands-Korrespondenten.

Europa huet e groussen Impakt op eis all. Dofir gëtt d'Couverture vun den europapolitesche Sujeten um radio 100,7 grouss geschriwwen a huet eng fest Sendeplaz. Ëmmer méindes bis freides um 07:20 geheie mir e Bléck hanner d'Kulisse vun der EU mat Interviewen, Reportagë vum Terrain, Hannergrondinformatiounen an Analysen.

Et geet drëm, den (heiansdo) komplizéierten Zesummenhang ze erklären, déi ganz speziell Lëtzebuerger Positiounen ze ënnersichen an d'Auswierkungen vun EU-Direktiven op Lëtzebuerg. Fir Europa Aktuell recherchéiere mir selwer op der Plaz, schwätze mat de Leit um Terrain a liwweren Iech eis eegen Analys.

Als fest EU-Korrespondentin ass eis Mataarbechterin Danièle Weber haaptsächlech zu Bréissel stationéiert. D'Sujete ginn awer an der Ekipp recherchéiert, och vu Lëtzebuerg aus, an Zesummenaarbecht mam Radiosreseau Euranet Plus.
De radio 100,7 ass Member vun deem Reseau, nieft anere Radioen aus 13 EU-Länner a profitéiert vu Synergien. Dat fänkt bei reegelméissegen Echangë vun Informatiounen un a geet bis bei den Austausch vun Interviewen, déi vun de Journalisten aus dem Reseau gemaach ginn.

Europa Aktuell, vu méindes bis freides um 07:20

Foto: Bigstock / Varavin88

Nei ass och all Dag um 12:15 de feste Rendez-vous mat eisen Auslands-Korrespondenten: Fir ze wëssen an ze verstoen, wat an der Welt lass ass, mat den Explikatiounen an Analyse vun der Plaz.