Radioen

On air

Notturno  |  Jockstrap - 50-50 (Extended Mix)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dëse Sonndeg um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer. Solist ass de Konzertmeeschter Ermir Abeshi.

Dëse Sonndeg um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer. Solist ass de Konzertmeeschter Ermir Abeshi.

Dëse Sonndeg um 11:00 spillt d'Deutsche Radio Philharmonie ouni Publikum am Sall, deemno exklusiv fir 100,7 an SR2 Nolauschterer. Solist ass de Konzertmeeschter Ermir Abeshi.

Héichromantesch Musek proposéieren Deutsche Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern an hire Chefdirigent Pietari Inkinen an hirer nächster Matinée, den 13. Dezember. Si spille Wierker vu Wagner, Schubert an Tschaikowsky - ouni Public am Sall.

Dir kënnt nach ewell live dobäi sinn ... mir iwwerdroen de Concert dëse Sonndeg um 11 Auer um radio 100,7.

Geiist bei dëser Matinée ass den Albaner Ermir Abeshi, dee seng Karriär op der Museksbün am Alter vu 16 Joer ugefaangen huet a scho fir de belschen Nationalorchester als Solist am Bréisseler Palais des Beaux-Arts gespillt huet. Als passionéierte Kammermuseker hat den Abeshi Optrëtter am Amsterdamer Concertgebouw, der Sala Verdi zu Mailand an am Kader vun de Festspiller zu Luzern. Zanter 2017 ass hie Konzertmeister vun der Deutsche Radio Philharmonie.
Säi musikalescht Kënnen demonstréiert hien dëse Sonndeg mam Franz Schubert sengem Rondo fir Gei a Sträicher a la majeur D 438.
Weider um Programm stinn de "Siegfried-Idyll" vum Richard Wagner an d'"Sträicherserenade" vum P.I. Tschaikowsky.