Den Archie huet Gebuertsdag, eng Pissblumm a Schieter an der Nuecht

Pissblumm.jpg

News fir Kids

An de Kannernews geet haut rieds iwwer e Gebuertsdag vun engem klenge Jong. Et ass säin éischten, muer gëtt gefeiert. Firwat dee klenge Jong mat sengem grad emol enge Joer et bis an d'Noriichte packt, dat verstitt dir elo gläich, wann de Maurice Molitor iech bis gesot huet, ëm wien et geet.

Lauschteren

Schätz aus dem natur musée

Firwat heescht eng Pissblumm Pissblumm? A wéivill Bléien huet eng Pissblumm? Hues du déi scho gezielt? A wisou heescht dës Wiseblumm op däitsch Löwenzahn? Froen iwwer Froen an d'Monique Kirsch aus dem natur musée weess dat alles.

Lauschteren

Bilddiktat

Haut ass et erëm esou wäit. E Bilddiktat mam Kyra Thielen aus der Villa Vauban. An haut gëtt et schéi vill ze zeechnen. Blat a Bläistëft prett? A lass geet et!

Lauschteren

Schieter an der Nuecht

Du läis owes am Bett a kanns net aschlofen, well et si ganz komesch Geräischer a Beweegungen an dengem Zëmmer ... Kenns du dat? De Jhemp Hoscheit kennt dat och ... "Schieter an der Nuecht", mir lauschteren ...

Lauschteren

D'100,7-Aufgab vum Dag

Am Fall wou: retten ech een, deen ech kennen, oder vill Leit, déi mir elo net esou nostinn?

E klasseschen Dilemma: wiem hëllefen ech, wann e puer Leit an een, deen ech gutt kennen, a Gefor sinn?

Lauschteren

Ee Kazeliewen an Zäite vu Corona

E Kazeliewen an Zäiten vum Coronavirus. Erënnert dir iech un d'Zazie an de Knetzel, déi et guer net gutt fannen, datt hir Meeschtesch ewell dauernd doheem ass, well si haten u sech aner Pläng. A wou hir Mamma am Geck gesot huet, elo musst dir fir mech akafe goen, hunn déi zwou Kazen dat fir bor Mënz geholl ...

D'Katia Urbany erzielt eis d'Vue op dës aussergewéinlech Zäiten aus der Siicht vun den zwou Kazen.

Lauschteren

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen