Nei Emissioun: Déi Rout Couche

Déi Rout Couche

Samschdeg, den 1.2. um 22:08

Déi Rout Couche - Op eisem roude Canapé féieren d'Tessy Steffen Koenig, de Marc Clement an hir Invitéë Gespréicher iwwer Sexualitéit, Identitéit a Kierperlechkeet. All éischte Samschdeg am Mount op 100,7.
 
Op der éischter Rouder Couche sëtzt d'Stella Witry, eng Sextherapeutin, déi op Bodywork spezialiséiert ass, an déi d'Emissioun och an Zukunft matbegleede wäert.
 
Eist Theema: Bezéiungen, an deene Sex keng Roll méi spillt. Mir schwätzen iwwer déi verschiddenst Fäll an Ursaachen, an och iwwer Usazpunkte fir Léisungen. Iwwer Drock, Kanner, Choixen a Kommunikatioun. Gespickt mat e puer schéine, kitschegen Tracks.

Dëse Samschdeg um 22:08 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen