De Grand-Duc huet haut Consultatioune mat deene Responsabele vun de siwe Parteien, déi an déi nei Chamber gewielt goufen.
D’LSAP-Co-Presidentin Francine Closener gesot, datt d’LSAP déi zweetstäerkste Partei bei de Wale gouf, zu de Walgewënner gehéiert, a kompromëss- an dialogbereet wier, fir och Partner anenger neier Regierung ze sinn.
De Xavier Bettel hat dem Staatschef de Moien d’Demissioun vun der Regierung presentéiert. De Xavier Bettel gouf mandatéiert, déi lafend Geschäfter virun ze féieren, bis eng nei Regierung am Amt ass.
Bei déi gréng sot eis d‘Co-Parteipresidentin d'Djuna Bernard: déi gréng, déi mat véier Mandater keng Fraktiouns-Stäerkt méi hunn, géifen net ausschléissen, ee groupe technique mat den zwee Deputéierte vun déi Lénk ze maachen. Doriwwer misst een awer nach Diskussioune féieren.