Radioen

On air

De Moien  |  Pretenders - Don't Get Me Wrong

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Op der Konferenz vum IPW-Pierre Werner Institut an der Abtei Neimënster huet d'Kënschtlerin Deborah De Robertis den 23. Oktober 2019 mat der Geneviève Fraisse an der Ainhoa ​​Achutegui iwwer hir Aarbecht diskutéiert.

Op der Konferenz vum IPW-Pierre Werner Institut an der Abtei Neimënster huet d'Kënschtlerin Deborah De Robertis den 23. Oktober 2019 mat der Geneviève Fraisse an der Ainhoa ​​Achutegui iwwer hir Aarbecht diskutéiert.

Op der Konferenz vum IPW-Pierre Werner Institut an der Abtei Neimënster huet d'Kënschtlerin Deborah De Robertis den 23. Oktober 2019 mat der Geneviève Fraisse an der Ainhoa ​​Achutegui iwwer hir Aarbecht diskutéiert.

Sonndeg, 5.1. um 11:04


D'Lëtzebuerger Performerin a Videografin Deborah De Robertis ass 1984 zu Lëtzebuerg gebuer. Hir Performancë bestinn aus dem Iwwerdenke vu weibleche Figuren, déi Deel vu kollektiver Fantasie sinn. Si interpretéiert Wierker vun der Konschtgeschicht nei, besonnesch fir Fuerschungen iwwer de Standpunkt vum weibleche Modell ze maachen.

Deborah De Robertis, ganz an der Traditioun vu feministesche Kënschtler aus den 1960er a 70er, akzeptéiert d'Roll net méi, déi d'Fraen an der Welt vun der Konscht kruten. Si beleet eng zäitgenëssesch Form vu Frae-Empowerment. De Robertis imposéiert sech als Kënschtlerin an als Fra an der Geschicht, hëlt selwer deel un der Geschichtsschreiwung.

Op der Konferenz vum IPW-Pierre Werner Institut an der Abtei Neimënster huet d'Kënschtlerin Deborah De Robertis den 23. Oktober 2019 mat der Geneviève Fraisse, Historikerin a Philosophin an der Ainhoa ​​Achutegui, Directrice générale vum CCR, iwwer hir Aarbecht diskutéiert.