arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E flotten an ofwiesslungsräiche Summerprogramm mat neien Emissiounen

E flotten an ofwiesslungsräiche Summerprogramm mat neien Emissiounen

E flotten an ofwiesslungsräiche Summerprogramm mat neien Emissiounen

Vum 18. Juli bis den 11. September proposéiere mir Iech e flotten an ofwiesslungsräiche Summerprogramm mat am Gepäck e puer fuschneien Emissiounen:

Retromania // méindes bis freides // 10:40 Auer
Summerzäit ass Reeszäit a mir ginn op d'Rees ... op Zäitrees. Mir erënneren u grouss Perséinlechkeeten, bedeitend Evenementer oder méi lëschteg Geschichten.

Summer, Sonn, Vakanz, ... an en Hit! // méindes bis freides // 11:30 Auer
Mënschen aus Kultur a Gesellschaft verroden eis, wat hire Soundtrack am Summer 22 ass. An et ginn Ablécker an hir aktuell Projeten.

Firwat dann ...? // méindes a freides // 15:30 Auer
Et gi jo anscheinend keng domm Froen. Mir fannen Äntwerten, och mol méi iwwerraschender.

Meng Liblingsplaz // méindes bis freides // 16:40 Auer
Eng Plaz voller Nostalgie, e schéinen Tour mat der Famill oder déi schéi Natur, direkt virun der Dier. D'radio 100,7-Ekipp erzielt vu hire Liblingsplazen - an Aktivitéite wärend dem Summer.


Wëllt Dir och Är Liblingsplazen mat deenen aneren deelen?
Da schéckt eis se per WhatsApp eran, op de 621440044, per Text oder och Sproochnoriicht.
Mir freeën eis, vun Iech ze héieren.