Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ An eiser Emissioun "Generatiounen" kucke mer eis de Cocktail-Party-Effekt un, mir lauschteren e Concert vum Gilles Fonck a mir kréien eppes iwwer Lavendel erzielt.

An eiser Emissioun "Generatiounen" kucke mer eis de Cocktail-Party-Effekt un, mir lauschteren e Concert vum Gilles Fonck a mir kréien eppes iwwer Lavendel erzielt.

An eiser Emissioun "Generatiounen" kucke mer eis de Cocktail-Party-Effekt un, mir lauschteren e Concert vum Gilles Fonck a mir kréien eppes iwwer Lavendel erzielt.

Gutt héiere fir ze verstoen

Cocktail-Party-Effekt, domadder gëtt beschriwwen, datt eng Persoun net méi alles matkritt vum Gespréich, soubal méi Leit matenee schwätzen oder ee sech an engem Ëmfeld befënnt mat vill Kaméidi.

Am Ufanksstadium froen déi Betraffen dacks no, wat gesot gouf, oder verstinn de Message vum Vis-a-Vis net richteg. Net gutt héieren ass e laange schwierege Prozess, deen keen esou richteg wëllt wouerhuelen oder zouginn. Dobäi ass et e ganz normale Prozess, dee mam Alter zouhëlt.

Kann en Hörapparat dem Concernéierten hëllefen? Den Alain Brever, Direkter vum RBS Center fir Altersfroen, huet sech mam Theema beschäftegt.

Lauschteren

Concerts contre la solitude

Haut ass et um jonke Pianist Gilles Fonck. Gespillt aus dem bekannte Café des Artistes am Gronn, huet de Gilles Fonck direkt eng ganz Panoplie u Stecker mat dobäi, an dëst ganz am Stil vum Café. D'Sarah Bergdoll vun der Fondatioun EME mat engem klenge Bléck an de Programm.

Fir hir Concerts contre la Solitude hu si en nationalen Opruff lancéiert a ganz vill positive Retour kritt. Ganz ënnerschiddlech Museker hu fir si flott Videoe produzéiert, déi esou un Altersheemer a Spideeler verschéckt kënne ginn. Mee Dir kënnt se och doheem op der Televisioun kucken an zwar um apartTV, disponibel iwwer Eltrona an d'Tëlee vun der Post.

Lauschteren

Lavendel a Bounekraut als natierlech Antioxidanten

Den Numm Lavendel ass ofgeleet vum laténgeschen Verb "lavare", wat wäschen heescht, wat säi Gebrauch an der Parfümerie an a villen Beräicher am Haushalt erkläert.

Duerch seng villsäiteg Eegenschaften gouf 2020 de Lavendel als Planz vum Joer an Amerika an als Heelplanz vum Joer an Däitschland gewielt.

Schonn am Mëttelalter gouf op seng berouegend Wierkung higewisen a rezent wëssenschaftlech Studien hunn eng signifikant Wierksamkeet vum echten Lavendel, dem Lavandula angustifolia, sengen essentiellen Ueleger am psycheschen Beräich beluecht.

Presentéiert vun der Dieteticienne Lis Muller, Responsabel vum Service Nutrition vum Domaine Thermal vu Mondorf.

Lauschteren

Aus dem radio 100,7 Archiv - Op Besuch bei Anne a Pit Weyer

Jiddweree vun hinnen huet säi ganz eegenen onverkennbare Stil. An der Broschür zum Pit Weyer senger Affichen-Ausstellung 2002 bréngt de Pol Greisch dat esou op de Punkt: "'t gëtt e sëllechen Artisten. Déi eng erkenns de blannemännerches, déi aner ënnerschreiwe barbaresch grouss, an du kanns se nawell net liesen. Déi eng hu Charakter a Stil, déi aner klakeg Faarwen an ower kee Gesiicht."

Dat gëllt net eleng fir dem Pit Weyer seng Plakater an Zeechnungen mat de charaktervolle Stréch, mee och fir der Anne Weyer hir Masken an Illustratiounen. Si hu méi wéi 30 Joer mat hirer kënschtlerescher Aarbecht dem Theater zu Lëtzebuerg duerch hir Affichen, Bünebiller, Kostümer an Ausstattungen e Stempel opgedréckt. Och wann een de Pit an d'Anne dacks an engem Zockt nennt, well si zesummegehéieren, hu mer et dach mat ganz verschiddene Kënschtlersensibilitéiten a Charakteren ze dinn.

De Claude Mangen huet allebéid agelueden fir méi iwwer dës Artistekoppel gewuer ze ginn.

Lauschteren