Bob Jungels - Motivéiert an d'Joer 2020

Bob Jungels

Dënschdeg, 7.1. um 8:50 an 12:20

Réckbléck 2019, Ausbléck 2020 - No enger duerchwuessener Saison 2019 geet de Bob Jungels voll motivéiert an d'Joer 2020. D'Feeler, déi him zejoert geschitt sinn, wären analyséiert an d'Conclusiounen doraus gezunn, seet de 27 Joer ale Cyclist, dee viru senger 8. Profi-Saison steet, där 5. am Maillot vun der Equipe Deceuninck Quick Step.

Iwwer d'Feierdeeg war de Bob Jungels kuerz am Land an de Maurice Molitor hat d'Geleeënheet, sech mat him ze ënnerhalen. 

Lauschtert hei
 

Programm

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen