Care-Aarbecht
Wéi deele Mammen a Pappen sech doheem d'Aarbecht op? A wéi kënne Kanner schonn hëllefen?
De Maurice Molitor huet do en Artikel fonnt.
Wou lieft den Äisbier?
Wosst dir, datt een en Äisbier op enger Wäermebildkamera net gesäit? D'Lea Numberger aus dem natur musée erkläert eis firwat.
De Fernand Bertemes am MNHA
Och eng Molerei, op där Wolleken an al Industriegebaier ze gesi sinn, kann interessant sinn, wann ee weess, wéi ee se kucke soll. D'Malgorzata Nowara vum Nationalmusée weess dat, a seet eis et.
Mr. Science Speaker fir den Handy
Dobaussen a Loscht op Musek, awer den Handy geet net haart genuch? Kee Problem. Organiséiert iech eng eidel Chipskëscht, also dee Rouer aus Kartrong a lauschtert gutt no.
Aufgab vum Dag: Natur Doheem
Et ass endlech Fréijoer, an d'Natur fänkt erëm u mat wibbelen. Bei dëser Challenge geet et dorëms wëll Déieren a wëll Planzen, also d'Biodiversitéit, an eisem Ëmfeld ze dokumentéieren. D'Tania Gybérien vu schouldoheem erkläert eis d'Aufgab vum Dag.