Et war den Opruff un déi europäesch an déi amerikanesch Regierungen, keng Waffe méi un Israel ze liwweren an diplomatesch, ekonomesch a politesch Sanktioune géint Israel ze verhänken.
Dann hat och d‘Associatioun "Bring them home" eng Manifestatioun an der Stad, fir Solidaritéit mat de Geisele vun der Hamas ausdrécken. Et wéilt een d‘EU, d‘Lëtzebuerger Regierung an humanitär Organisatioune wéi d‘Rout Kräiz mobiliséiere, fir datt si Drock op d‘Hamas maache fir d‘Geisele fräi ze loossen. Heescht et an engem Communiqué.